Embrun (Hautes-Alpes)
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | PACA | ||||
Departement | Hautes-Alpes | ||||
Arrondissement | Gap | ||||
Kanton | Embrun | ||||
Postcode | 05200 | ||||
Gemengecode | 05046 | ||||
Koordinaten | 44° 33’ 57’’ N 06° 29’ 46’’ O | ||||
Fläch | 3 639 ha | ||||
Bevëlkerung | 6 703 (2007) |
Embrun ass eng franséisch Stad am Departement Hautes-Alpes an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur, an Haaptuert vun engem Kanton.
Embrun läit op enger Héicht vu 778 - 2.800 Meter am Parc national des Écrins um rietsen Uwänner vun der Durance, do wou déi an de Séi vu Serre-Ponçon leeft.
Eng vun de bekannten héije Plazen ass d'Biergspëtz Trois-Évéchés
Seng Awunner heeschen Embrunais.
Transport a Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]- An der Gare vun Embrun halen d'Zich vum TER Provence-Alpes-Côte d'Azur a vum TER Rhône-Alpes
- Un d'Stroossennetz ass Embrun ugeschloss iwwer d'Nationale 94.
- Fréier huet de Kiem Via Domitia iwwer Embrun geféiert.
Persounen déi mat Embrun ze dinn hunn
[änneren | Quelltext änneren]- De Marcellin d'Embrun, éischte Bëschof vun Embrun
- De Georges d'Aubusson de La Feuillade, Prënzbëschof vu Metz war vu 1648 - 1649 Äerzbëschof zu Embrun.
- Den Henri Arnaud, gebuer 1643 zu Embrun.
- De Pierre-Alexandre-Antoine Nicolas de Meissas, Arméisdokter a Prefet vun Embrun.
- Säi Bouf den Nicolas de Meissas, Kosmograph, gebuer zu Embrun.
- De Schrëftsteller Arnauld Pontier huet vun 1970 bis 1976 do gewunnt.
- De Schrëftsteller a Politiker Clovis Hugues ass zu Embrun begruewen.
- Den Émile Didier, franséische Deputéierten a Senateur, 1909 zu Embrun gebuer.
- De Laurent Artufel, Schauspiller an Tëleesanimateur ass 1977 do op d'Welt komm.
Embrun am Sport
[änneren | Quelltext änneren]- Tour de France
- Depart vun der 9. Etapp vum Tour de France 1973
- Depart vun der 15. a 17. Etapp vum Tour de France 2008
- Depart vun der 19. Etapp vum Tour de France 2017
- Depart vun der 19. Etapp vum Tour de France 2024
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Buedempyramiden Les Demoiselles coiffées bei Savines-le-Lac
- D'Abtei vu Boscodon aus dem 12. Joerhonnert eng ronn 10 km vun Embrun zu Crots.
- D'Kathedral Notre-Dame du Réal
- La Tour Brune aus dem 13. Joerhonnert
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Hautes-Alpes
- Arrondissementer am Departement Hautes-Alpes
- Kantonen am Departement Hautes-Alpes
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Hautes-Alpes
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Embrun – Biller, Videoen oder Audiodateien |