Emergenza

Vu Wikipedia
Logo vum Festival

Emergenza ass en internationale Musekfestival a -kontest un deem Gruppe kënnen deelhuelen, déi nach net bei engem grousse Musekslabel ënner Vertrag stinn. D'Concerte sinn a verschidde Ronnen agedeelt; all Grupp kritt 30 Minutten op der Bün a kann duerno eng Ronn weiderkommen. D'Publikum entscheet, wie weiderkënnt a wien net. No regionalen an nationale Ronnen ass déi international Finall um Taubertal-Festival an Däitschland. Eng Jury wielt dann de Gewënner, deen eng komplett Museksproduktioun, eng Tournée, Musekinstrumenter an anert Ekipement vu Sponsore finanzéiert kritt.

Emergenza gouf 1991 zu Roum gegrënnt, wou den éischte Concert den 8. Januar 1992 virun 245 Leit war. Fënnef Méint méi spéit waren et der scho 5000. Zu Lëtzebuerg ass tëscht 2000 an 2005 véiermol eng national Finall organiséiert ginn.

Emergenza zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf tëscht 2000 an 2005 véiermol eng national Finall an der Escher Kulturfabrik organiséiert, déi et dem Gewënner erlaabt huet, an der internationaler Finall opzetrieden. De Concours gouf vum Musekpromoteur Sascha Land a senger Gesellschaft Get-Up Music an d'Land geholl. An der lëschter Ronn vun der lëtzebuergescher Finall hat d'Jury dat lescht Wuert. De Rescht gouf vum Publikum duerch Handhiewe bestëmmt.[1]

Fir matmaachen ze kënnen huet all Grupp eng kleng Zomm Sue musse bezuelen, a bei der leschter Editioun 2005 goufen nach zwéi weider Krittären agefouert (d'Band huet missen dräi Méint bestoen an den Alterduerschnëtt vun de Memberen huet net däerfen iwwer 30 Joer leien).[1]

2000[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt lëtzebuergesch Editioun war 2000. An der nationaler Finall ware Gruppe wéi State of Mind a Fluyd. Gewonnen huet Low Density Corporation.[1]

2001[änneren | Quelltext änneren]

2001 waren ënner anerem Blue Room, Chaos am Re a Sonic Season dobäi. Gewonnen huet Tiger Fernandez.[1]

2003[änneren | Quelltext änneren]

Preselektioun an Halleffinallen[änneren | Quelltext änneren]

D'Preselektioun fir den Emergenza Lëtzebuerg 2003 war wärend zwee Weekender am Februar.

Datum Gruppen an der Reiefolleg, an där se opgetruede sinn:1
7. Februar 2003 (Preselektioun)[2] Ophidian (#4); Vaselyne Connexion; Yuzu; CorrXion (#3); Electric Osvaldo; Aching Mind; Thorax (#1); Inborn (#2)
8. Februar 2003 (Preselektioun)[3] Nowhere Fast; The Mighty Pussy Lickers (#4); Paraflip (#2); Purple Haze; Solipsism; Bleeding Sword; d-fact (#1); Fourmis; Short[k]ut (#3)
14. Februar 2003 (Preselektioun)[4] Fast Friday; Chief Marts (#4); Frameless; Hume; Spyglass (#3); Granny's Favouritz (#2); Lifewire (#1); Pilli Pilli; Biozide
15. Februar 2003 (Preselektioun)[5] Soul Season; Holy National Victims (#4); Strangers; Nomad's Land; Couchgrass (#2); Crying Souls; Puma (#1); Myein (#3)
11. Abrëll 2003 (Halleffinall)[6] Spyglass; D-Fact; Granny's Favouritz; Holy National Victims; Short[k]ut; Soul Season; Thorax; Paraflip; Ophidian
12. Abrëll 2003 (Halleffinall)[7] Chief Mart's; Couchgrass; NomaD's LanD; Inborn; Fourmis; Lifewire; Myein; Puma!; Mighty Pussy Lickers

1A Klammere steet d'Plaz, déi d'Grupp deen Owend erreecht huet

An der éischter Halleffinall huet Soul Season d'Grupp CorrXion ersat, well déi sech no der Preselektioun getrennt hat. D'Gruppen Holy National Victims, Granny's Favouritz, Paraflip a Short[k]ut koumen duerch de Vote vum Public op de Plazen 1 bis 4 weider an och Ophidian huet et als Choix vun der Jury an d'Finall gepackt.

Aching Mind huet net un der zweeter Halleffinall deelgeholl. Déi 17 aner Gruppe waren opgeruffen ze wielen, wie si sollt ersetzen an hu sech fir Fourmis entscheet. Fënnef Gruppe koumen an d'Finall: Inborn, Couchgrass, Myein, Chief Mart's a Mighty Pussy Lickers.

Finall[änneren | Quelltext änneren]

D'Finall war den 28. Mee 2003 an hat ëm déi 800 Spectateuren.[8] Der Rei no sinn Chief Mart's, Couchgrass, Granny's Favouritz, Myein, Inborn, Shortk[u]t, Paraflip, Holy National Victims, Mighty Pussy Lickers an Ophidian opgetrueden. Am Palmarès stoungen:

  1. Inborn
  2. Myein
  3. Couchgrass
  4. Granny's Favouritz
  5. Mighty Pussy Lickers

D'Grupp Chief Mart's krut den Tageblatt-Präis an D-Fact huet de Backline-Präis an en Optrëtt um Rock um Knuedler gewonnen. D'Mighty Pussy Lickers haten de beschte Bassist a Short[k]ut de beschte Gittarist.

2005[änneren | Quelltext änneren]

Preselektioun an Halleffinallen[änneren | Quelltext änneren]

2005 war déi lescht lëtzebuergesch Editioun vum Emergenza Festival. D'Virwal war erëm wärend zwee Weekender am Februar.

Datum Gruppen an der Reiefolleg, an där se opgetruede sinn:1
18. Februar 2003 (Preselektioun)[9] Undone; Triad (#3); Ill? (#1); Graceful Rage; Fast Friday (#2); Disappointed
19. Februar 2005 (Preselektioun)[10] Jay's Pub (#2); Kyrenee (#3); DeadBoyDreaming; Airback (#1); Death Symphony (#3); Javies
25. Februar 2005 (Preselektioun)[11] Les Poubelles/The Pubbles (#1); Silent View; Mercury; Blue Shade (#2); Ky-Lin; Breet (#3)
26. Februar 2005 (Preselektioun)[12] Estrepito (#3); Nomad's Land; Nowhere Fast; John McAsskill; Elysis Hyt (#2); Stories to Tell (#1)
15. Abrëll 2005 (Halleffinall)[13] Fast Friday; Breet (#3); ILL? (#2); Jay's Pub; (#1) Estrepito; Kyrenee; Disappointed
16. Abrëll 2005 (Halleffinall)[14] The Pubbles/Les Poubelles (#3); Airback; Triad; John McAsskill; Blue Shade (#1); Death Symphony; Elysis Hyt; Stories to Tell (#2)

1A Klammere steet d'Plaz, déi d'Grupp deen Owend erreecht huet

An der éischter Halleffinall hunn Jay's Pub, Ill? a Breet et an d'Finall gepackt. Vun de Gruppen aus der zweeter Halleffinall hu Blue Shade, Stories to Tell an The Pubbles/Les Poubelles et duerch de Vote vum Publikum an d'Finall gepackt. Zousätzlech huet d'Jury nach d'Gruppe Fast Friday, Triad an Elysis Hyt an d'Finall gelooss.

Finall[änneren | Quelltext änneren]

An der Finall den 28. Mee 2005 sinn der Rei no The Pubbles/Les Poubelles, Elysis Hyt, Fast Friday, Triad, Jay's Pub, Blue Shade, Stories to Tell, Breet an Ill? viru ronn 1000 Spectateuren opgetrueden.[15],[16] Gewonnen huet Fast Friday:

  1. Fast Friday
  2. Blue Shade
  3. Jay's Pub

Link[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 woxx.lu: Spielwiese vum Claudine Muno (11. Februar 2005)
  2. Preselektioun 07.02.2003 op disagreement.net
  3. Preselektioun 08.02.2003 op disagreement.net
  4. Preselektioun 14.02.2003 op disagreement.net
  5. Preselektioun 15.02.2003 op disagreement.net
  6. Halleffinall 11.04.2003 op disagreement.net
  7. Halleffinall 12.04.2003 op disagreement.net
  8. Finall 28.05.2003 op disagreement.net
  9. Preselektioun 18.02.2005 op disagreement.net
  10. Preselektioun 19.02.2005 op disagreement.net
  11. Preselektioun 25.02.2005 op disagreement.net
  12. Preselektioun 26.02.2005 op disagreement.net
  13. Halleffinall 15.04.2005 op disagreement.net
  14. Halleffinall 16.04.2005 op disagreement.net
  15. Finall 28.05.2005 op disagreement.net
  16. Emergenza Luxemburg 2005 - it's Over (1. Juni 2005)