Emil G. Hirsch

Vu Wikipedia
Emil G. Hirsch
Gebuer 22. Mee 1851
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. Januar 1923
Chicago
Nationalitéit USA
Educatioun University of Pennsylvania
Aktivitéit Rabbiner
Famill
Papp Samuel Hirsch
De Rabbi Hirsch.

Den Emil Gustav Hirsch, gebuer den 22. Mee 1852 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 7. Januar 1923 zu Chicago[1] an de Vereenegte Staaten, war e lëtzebuergesch-US-amerikanesche Rabbiner vun der Reformbeweegung an den USA.

Hie war de Jong vum Samuel Hirsch, deen 1843 - 1866 Groussrabbiner zu Lëtzebuerg war. 1866 ass den Emil Hirsch mat sengen Elteren an d'USA ausgewandert.

1872 ass en hannescht an Europa komm, fir zu Leipzig an zu Berlin Philosophie an Theologie ze studéieren. En huet dës Studie mat engem Doktorat ofgeschloss. 1877 gouf e Rabbiner zu Baltimore an 1878 zu Louisville.

Duerno war den Emil Hirsch 42 Joer laang, vun 1880-1922, Rabbiner vun der Chicago Sinai Congregation, enger vun deenen eelste Synagogen am Mëttlere Westen. A senge Priedegten huet hie sech staark fir méi sozial Gerechtegkeet agesat. 1892 gouf hien zum Professer fir rabbinesch Literatur a Philosophie op der University of Chicago ernannt. Hie war och tëscht 1885 an 1897 Member vum Directoire vun der Chicago Public Library.

Den Emil Hirsch war en aflossräichen Denker a Protagonist vum Reform Judaismus. Hie war Editeur vun Der Zeitgeist (Milwaukee, 1880–82) a Reform Advocate (1891–1923).

No him benannt ass d'Emil G. Hirsch Metropolitan High School of Communications (Hirsch Metro) am Quartier South Shore zu Chicago.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • JewishEncyclopedia
  • Laurent Mignon: "Emil G. Hirsch: La profession de foi d'un rabbin." An: d'Lëtzebuerger Land Nr 29, 17.07.2009

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emil G. Hirsch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Rabbi Emil G. Hirsch op "Find a Grave"