Emil Kirdorf
| Emil Kirdorf | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
8. Abrëll 1847 Mettmann |
| Gestuerwen |
13. Juli 1938 Mülheim an der Ruhr |
| Nationalitéit | Däitscht Räich |
| Aktivitéit | Industriellen, Politiker |
| Partei | NSDAP |
|
| |
Den Emil Kirdorf, gebuer den 8. Abrëll 1847 zu Mettmann bei Düsseldorf, a gestuerwen den 13. Juli 1938 zu Mülheim an der Ruhr, war en däitschen Industriellen. De Kirdorf war ee vun den éischte wichtegen Industriellen an der Ruhr, déi exklusiv Manager waren an net, wéi den August Thyssen oder den Hugo Stinnes, Besëtzer vun hire Betriber selwer.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Kirdorf gouf a räiche Verhältnisser gebuer als Jong vum Wiewerei-Besëtzer Martin Kirdorf (1811–1847) an der Amalie Dickes (geb. 1811). Hien huet eng Léier als Comptabel am Familljebetrib ofgeschloss, an ass dunn op d'Textilschoul zu Mülheim am Rhein gaangen, fir dono 1864 ee Joer e Stage an enger Exportfirma zu Hamburg ze maachen. Ee Joer méi spéit huet hien Undeeler vun enger Textilfirma zu Krefeld kaaft. De Refus vun der Direktioun, e mechanesche Wiefstull anzeféieren, huet zu der Faillite vun der Wiewerei vun den Eltere gefouert. Domatt waren d'Pläng, dass de Kirdorf de Familljebetrib hätt sollen iwwerhuelen, zerstéiert.
Duerch säi grousse Brudder Adolph Kirdorf ass hien doropshin an d'Biergbauindustrie gewiesselt, wou hien als Comptabel an der Administratioun vun der Zeche Holland ugefaangen huet. 1871 gouf de Kirdorf Direkter.
Den Entreprener Friedrich Grillo gouf op de Kirdorf opmierksam an huet him 1873 d'Positioun vum kommerziellen Direkter bei der nei gegrënnter Gelsenkirchener Bergwerks-AG (GBAG) ugebueden. 1893 gouf Kirdorf Generaldirekter vun der GBAG, déi deemools vun der Produktioun hier déi gréissten däitsch Biergbaufirma war. De Kirdorf huet eng wichteg Roll beim Opbau vun der GBAG gespillt an d'Firma duerch d'Krisenzäite vun den 1870er Jore gefouert. Hie huet dës Positioun bis 1926 behalen, wéi d'GBAG no verschiddene Fusioune schlussendlech an déi nei gegrënnt Vereinigte Stahlwerke fusionéiert ass.
Ënnert senger Leedung gouf d'GBAG déi gréisste Kuelegrouwefirma an Europa. De Kirdorf krut dofir alt de Spëtznumm "Bismarck vum Ruhr-Biergbau" oder der Schlotbaron. Duerch d'Iwwerhuele vun de Minièren Hansa, Zollern a Germania huet de Kirdorf d'GBAG ausgebaut, 1904 mam vum Grillo gegrënnte Schalker Gruben- und Hüttenverein assoziéiert an d'GBAG zu engem Mëschkonzern ausgebaut, andeems en och de Kuelhandel an d'Schëfftransportgesellschaften iwwerholl huet. 1907 huet hien den Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde, dee vu sengem Brudder Adolph opgebaut gi war, a seng Firma agebaut, nodeems schonns zënter 1904 eng Interessegemeinschaft tëschent deenen zwou bestoung. Direkt duerno hunn d'Pläng fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte ugefaangen, déi 1909-1911 zu Esch-Uelzecht gebaut gouf, eng vun de modernste Wierker vu senger Zäit. D'Schmelz war no deenen zwéi Bridder genannt.
Nom Éischte Weltkrich huet d'GBAG hir Aktivitéiten am Loutrenger Äerzbaseng an an der Lëtzebuerger Minettsgéigend missen opgeinn, wéi Loutrengen u Frankräich zeréckgoung a Lëtzebuerg aus dem Däitschen Zollveräin ausgetrueden ass.[1] Als Resultat gouf aus hir nees e renge Kuele-Konzern. An der Administratioun huet de Kirdorf seng Spëtzepositioun zu Gonschte vum Hugo Stinnes verluer, mat deem hie staark Meenungsverschiddenheeten iwwer d'Ausriichtung vun der Entreprise hat. De Stinnes wollt vun der GBAG aus en däitsche Kuelen-Trust opbauen, eppes wou de Kirdorf strikt dogéint war. Well hie sech och nom Stinnes sengem Doud 1924 net konnt behaapten, huet de Kirdorf am Alter vun 79 Joer 1926 säi Poste bei der GBAG opginn an de Verwaltungsrot verlooss.
An der Pensioun war hie weider am ëffentleche Liewen aktiv.
De Kirdorf seng politesch Vuë ware reaktionär; hie war dezidéiert géint d'Aarbechterbeweegung; de Kampf géint si huet hien ugesinn als "Kampf für die Erhaltung der deutschen Ordnung und der Machtstellung Deutschlands in der Welt". Hie war e leidenschaftlechen Nationalist a war Member vu bal alle Verbänn, déi sech fir eng méi aggressiv a méi staark militäresch Aussenpolitik vum Däitsche Keeserräich agesat hunn. 1917 gouf hie Member vun der Deutsche Vaterlandspartei (DVLP). Nom Éischte Weltkrich war hien e Géigner vun der Weimarer Republik; ufanks huet hien d'Deutschnationale Volkspartei (DNVP) ënnerstëtzt, vun August 1927 un, nodeems hien e laangt Gespréich mam Hitler hat, war hie Member vun der NSDAP (Nr 71.032). En ass zwar nees dat Joer drop ausgetrueden, an huet seng Vuën éischter vun der DNVP erëmgi gesinn, hat awer weider Kontakt mam Hitler a gouf dann nees 1934 an d'NSDAP opgeholl.
Den Hitler huet hien als "national Legend" feiere geloos, him den Adlerschild-Gielche ginn, déi héchst zivil Distinctioun am Nazi-Räich, an huet hien no sengem Doud, den 13. Juli 1938, an engem Staatsbegriefnis begruewe gelooss, bei deem e selwer present war.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Emil Kirdorf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Charles Barthel: Aus für den „Zug nach der Minette“ – Der Waffenstillstand von Compiègne und die (Zwangs)Veräußerung deutscher Hüttenwerke im Großherzogtum Luxemburg (1918–1919). In: Dieter Ziegler, Jan-Otmar Hesse: 1919 – Der Versailler Vertrag und die deutschen Unternehmen. Walter de Gruyter, Berlin/Boston 2022, ISBN 978-3-11-076535-9, S. 69–102, hei S. 69, 75 a.s.d.
Quell: Dësen Artikel gouf ugeluecht als eng Iwwersetzung (liicht gekierzt) vun (de) Emil Kirdorf, an der Versioun vum 29.01.2025.
