Op den Inhalt sprangen

Emile Bofferding

Vu Wikipedia
Emile Bofferding
Gebuer 4. November 1901
Nidderkäerjeng
Gestuerwen 23. November 1969
Alter 68 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Proprietär
Stroosseschëld zu Nidderkäerjeng

Den Emile Bofferding, gebuer de 14. November 1901 zu Nidderkäerjeng[1][2], a gestuerwen den 23. November 1969[3], war e lëtzebuergesche Braumeeschter a Brauereisbesëtzer.

Den Emile Bofferding huet zu Berlin an zu Léiwen fir Braumeeschter geléiert. Zu Nidderkäerjeng ass hien dono an de Familljebetrib schaffe gaangen, vun deem en dann och an de Joren dono Direkter gouf.[4]

Hie war de Jong vum Brauer Léon Bofferding-Fisch. Zesumme mat senger Fra, der Eugénie (Nini) Oberlinkels, hat hie 6 Kanner.[4]

Fir un hien z'erënnere gouf zu Nidderkäerjeng, vis-à-vis vun der Brauerei, eng Strooss no him genannt.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsakt Nr. 49 vum Gebuertsregëschter vun der Gemeng Nidderkäerjeng (1901).
  2. Emile Bofferding †. In: Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 347/348 (13.12.1969), p. 11 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. Avis de décès 1 Page 7. In: Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 329 (25.11.1969), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. 1 2 Brasserei Bofferding op industrie.lu (nogekuckt: 05.07.2026).
  5. Lag op geoportail.lu.