Emile Donckel

Vu Wikipedia
Emile Donckel
Gebuer 20. Dezember 1904
Eescheler
Gestuerwen 26. Mee 1979
Jonglënster
Aktivitéit Priister, Historiker, Theolog, Kierchenhistoriker, Bibliothecaire, Archivist

De Pierre-Marie-Emile Donckel, gebuer den 20. Dezember 1904 zu Eescheler bei Jonglënster[1] a gestuerwen de 26. Mee 1979 zu Jonglënster, war e kathoulesche Priister a Kierchenhistoriker[2].

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Emile Donckel huet vun 1925 u Philosophie, Theologie, chrëschtlech Archeologie a Geschicht op der Universitéit zu Fribourg (Schwäiz) studéiert an eng Promotioun zum Dr. phil. gemaach.

1931 gouf hien zu Lëtzebuerg zum Priister geweit. Duerno huet hien zu Roum als Member vum Campo Santo Teutonico um Peepstlechen Institut fir chrëschtlech Archeologie studéiert an 1933 eng Lizenz gemaach.

Vun 1933 bis 1936 war hie Kaploun zu Angelduerf, wou hien 1935 de Brauch vun der Päerdsseenung zu Éiere vum hl. Celsus op Wäissen Ouschterdag nees agefouert huet[3].

Hien huet 1938 zum Dr. theol. promouvéiert a war duerno Paschtouer zu Greiweldeng (1938 - 1942). 1942 koum hien op de Léierstull fir Kierchegeschicht a Patrologie am Lëtzebuerger Seminaire.

Nom Krich huet hien um Seminaire enseignéiert a war do vun 1942 bis 1962 Bibliothecaire. Vun 1946 bis 1949 war hie Rektor vum Klouschter vun den Dominikanerschwësteren um Lampertsbierg a vun 1948 bis 1979 Bistumsarchivar. Tëscht 1949 an 1959 war hien och Subregens am Seminaire.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Donckel, Emile, 1933, Sale sumpto: Randbemerkgn zu d. versch. Mahlberichten d. Pseudoklementinen, [Rom]: Ephemerides Liturgicae
  • Donckel, Emile, 1933, Studien über die Prophezeiung des Fr. Telesforus von Cosenza, O. F. M. (1365-1386), Firenze-Quaracchi: Collegium S. Bonaventurae ...
  • Donckel, Emile, 1936, Ingeldorf, die älteste Sankt Celsuskultstätte Luxemburgs / Emil Donckel, Diekirch: Imprimerie du Nord
  • Donckel, Emile, 1938. Ausserrömische Heilige in Rom. Von den Anfängen unter Liberius bis Leo IV. (847). Ein Beitrag zur Entwicklung des stadtrömischen Festkalenders.
  • Donckel, Emile, 1946. Wie entstand das Bistum Luxemburg?
  • Donckel, Emile, 1950. Die Kirche in Luxemburg vun den Anfängen bis zur Gegenwart. Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei
  • Donckel, Emile, 1951, Perspectives de pastorale liturgique: 1ere semaine d'études liturgiques de Luxembourg 1950, Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei
  • Donckel, Emile, Jean Hild ; A. Turpel, 1952, Le Dimanche et sa célébration: 2ieme semaine d'études liturgiques de Luxembourg 1951, Luxembourg: Kirchlicher Anzeiger
  • Donckel, Emile, 1961, S[ankt] Martinuskult und S. Martinusbrauch in Luxemburg: Einst u. jetzt ; Eine vorläufige Materialiensammlg, Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei
  • Donckel, Emile, 1963, Die Verehrung des heiligen Cyriacus in Luxemburg, Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei
  • Donckel, Emile, 1963, Reise nach Rom zum 1. Vatikanischen Konzil: Tagebuch 15. Nov. 1869-15. Mai 1870 / Nikolaus Adames. Hrsg. v. Emile Donckel, Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei
  • Donckel, Emile, 1964, Der heilige Jakobus der Ältere: Kult u. Brauchtum im Luxemburger Raum, Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei
  • Donckel, Emile, 1964, Die Tertiarkarmeliterinnen in Junglinster: 1908 - 1968 Luxembourg [Luxemburg]: Imprimerie centrale
  • Donckel, Emile, 1967, Kirche und Kloster in Consdorf: Zum goldenen Jubiläum d. Klosters (1917 - 1967), Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Emile Donckel zum sechzigsten Geburtstag, 20. Dezember 1964 / [Hrsg. von seinen Freunden], Luxembourg: Imprimerie centrale

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Am Katalog der Deutschen Nationalbibliothek steet als Gebuertsuert: "Eschweiler Nordrhein-Westfalen". Dat schéngt awer net dat richtegt Eschweiler ze sinn; et ass warscheinlech Eschweiler (Eescheler) an der Gemeng Jonglënster.
  2. Malget, Jean. DONCKEL, Pierre-Marie-Emile, In: Bd. XXII, BBKL Nordhausen, 2003, ISBN 978-3-88309-133-4 (Link)
  3. Pferdesegnung in Ingeldorf. Luxemburger Wort, 1948. Jg., nº 98 (07.04.1948), S. 5. [Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg, ]. Gekuckt de(n) 23.07.2020.