Op den Inhalt sprangen

Emile Klensch

Vu Wikipedia
Emile Klensch
Gebuer 19. Juli 1895
Beetebuerg
Gestuerwen 3. Oktober 1984
Lëtzebuerg
Alter 89 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bauer
Famill
Bestuet mat Bertha Catharina Schuman
Kanner Marthe Marie, Marie Jeanne

Den Emile Klensch, gebuer als Johann Emil Klensch den 19. Juli 1895 zu Beetebuerg[1], a gestuerwen den 3. Oktober 1984 an der Stad Lëtzebuerg[1][2], war e lëtzebuergesche Bauer a Proprietär vun engem groussen Haff zu Beetebuerg.

Hien huet 1935 seng éischt Molkerei zu Beetebuerg gegrënnt. Ufanks koum d'Mëllech just vum Trapp vu sengen honnert 100 Mëllechkéi, mä no an no hunn aner onofhängeg Mëllechproduzenten sech ugeschloss, fir d'Produktioun vun der Molkerei z'erhéijen. Seng Molkerei krut den Numm EKB, duerno Ekabe, en Akronym fir „Emile Klensch A Bettembourg“.[3]

Den 11. Februar 1920 huet hie sech mat der Bertha Catharina Schuman bestuet; d'Koppel krut zwee Meedercher.[4]

Am Zweete Weltkrich gouf seng Molkerei vum Naziokkupant zougemaach, an den Emile Klensch gouf gezwongen an den Oste vum Land ze plënneren. Hien huet dunn déi al Molkerei vum Fritz Pasquay zu Eescheler iwwerholl.

Nom Doud vum Emile Klensch am Joer 1984 huet seng Duechter Martha (1920 – 1991) d'Leedung vun der Ekabe iwwerholl, ier se se 1989 dem franséische multinationale Grupp Lactalis verkaf huet.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (de) Naissances. Archives nationales - Commune de Bettembourg Extrait 38, S. 11 (19.07.1895). Gekuckt den 30.05.2026.
  2. (de) Emile Klensch, Gründer der EKABE, verschieden. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg nº 229 S. 9 (05.10.1984). Gekuckt den 30.05.2026.
  3. Ekabe – Évolution. www.ekabe.lu. Gekuckt den 30.05.2026.
  4. (fr) Fiche de: Johann Emil Klensch. familysearch.org. Gekuckt den 30.05.2026.