Emile Kowalsky

Vu Wikipedia
Emile Kowalsky
Gebuer 20. August 1867
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. August 1943
Bréissel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mathematiker, Physiker, Musekspedagog, Auteur
Member vun Institut Grand-Ducal

Den Emile Kowalsky, gebuer den 20. August 1867 [1] an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen zu Bréissel de 25. August 1943, war e lëtzebuergesche Mathematiker, Physiker, Musekpedagog an Auteur.[2]

De Mathematiker a Physiker[änneren | Quelltext änneren]

Den Emile Kowalsky, dee Mathematik a Physik zu Lëtzebuerg, Gand a München studéiert hat, huet am Februar 1892 säin Doktorat zu Lëtzebuerg gemaach an ass dono als Stagiaire an den Dikrecher Kolléisch komm, wou hien 1894 Repetent an 1896 Professer gouf, an do bis zu senger Pensioun am Joer 1931 enseignéiert huet.[2]

Dem Kowalsky seng pedagogesch Dissertatioun huet sech mam Sujet “Die Bedeutung des Physikunterichtes am humanistischen Gymnasium” beschäftegt, seng wëssenschaftlech Dissertatioun hat den Titel “Étude de la courbe dont les points jouissent de la propriété que le produit de leurs distances à deux points fixes est constant”. Allebéid goufen 1894 presentéiert.[3]

De Meloman[änneren | Quelltext änneren]

De Kowalsky, dee ganz musikalesch war, huet sech vum Ufank vu senger Carrière un ëm d'musikalesch Formatioun vun de Schüler bekëmmert, nieft senger normaler Tâche als Mathematiks- a virun allem als Physiksprofesser: Hien huet e fakultative Gesangscours gehalen, de Chouer vum Kolléisch op d'Héicht bruecht an en Instrumentalensemble op d'Bee gesat.[4] De Kowalsky ass och als Dirigent opgetrueden an huet d'Texter vun e puer Lidder geschriwwen.[5] Am “Luxemburger Musikerlexikon” heescht et, de Kowalsky wier vu Beruff “Gesangslehrer” gewiescht[5], dat ass natierlech net richteg.

Hie war jorelaang d'musikalesch Séil vun Dikrech[6], wat erkläert, datt déi Dikrecher Gemeng enger Strooss säin Numm ginn huet (rue Emile Kowalsky, 9253 Diekirch).

De Member vum Institut grand-ducal[änneren | Quelltext änneren]

De Kowalsky war vun 1907 u Membre correspondant vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal.[2] Hie war Officier am Ordre de mérite d'Adolphe Nassau.[7]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

De Kowalsky huet sech als Auteur mat Theemen aus der Musek, der Literatur, der Physik an der Naturphilosophie beschäftegt.

Wëssenschaft[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Klangfarbe. Ein Beitrag zur Geschichte der Akustik. Grossherzogliches Gymnasium zu Diekirch, Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1899-1900, S. 23-43.
  • Allerlei Wissenswertes und Interessantes aus dem Gebiete der Elektrizität. J. Schroell, Diekirch 1910, 107 S. (Auszug aus dem “Landwirt”).
  • Die Wunder der Elektrizität. Vortrag mit Experimenten, gehalten am 20. Oktober 1910 für die Mitglieder des Katholischen Lehrer- u. Lehrerinnenvereins. Jos. Beffort, Luxemburg 1910, 28 S.
  • Die Spektralanalyse und ihre Anwendung auf die Erforschung der Sternenwelten. Vortrag mit Experimenten, gehalten am 6. Juli 1911, für die Mitglieder des kath. Lehrer- u. Lehrerinnenvereins. Jos. Beffort, Luxemburg 1911, 30 S.
  • Haeckel und die Wissenschaft: ein Wort der Aufklärung allen "denkenden, ehrlich die Wahrheit suchenden" Lesern der "Welträtsel" und sonstiger populärer Haeckelscher Schriften. J. Schroell, Diekirch 1911, 131 S.
  • Die sogenannte Kant-Laplace'sche Weltbildungslehre und deren Missbrauch im Lichte der Wissenschaft. Trier 1912, 39 S. (id.: Jos. Beffort, Luxemburg, 1913).

Musek a Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ein Lorbeerkranz dem Diekircher Cäcilienverein zu seinem silbernen Jubiläum 1891 – 1916. Buchdruckerei des "Fortschritt", Diekirch 1916, 42 S.
  • Joseph Haydn (1732-1809) und sein Oratorium: Die sieben Worte des Heilandes am Kreuze. P. Cariers, Diekirch 1918, 8 S.
  • Der Gesangunterricht an den Luxemburger Mittelschulen. Grossherzogliches Gymnasium zu Diekirch, Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1921-1922, 32 S.
  • Oberammergau und seine Passion: Buntes Allerlei zu den diesjährigen Spielen. Impr. du Nord, Diekirch 1922, 33 S. (Separatabdruck aus dem "Fortschritt").
  • Ludwig van Beethoven als Mensch und Künstler: aus Anlass seines hundertjährigen Todestages am 26. März 1927: frei nach dem Vortrage in Luxemburger Dialekt, gehalten bei Gelegenheit der Diekircher Beethoven-Gedenkfeier. E. Schumacher, Diekirch 1927, 24 S.
  • Friedrich Wilhelm Weber, der Dichter von "Dreizehnlinden": Ein Lebensbild. Auszug aus dem Vortrag in Luxemburger Dialekt, gehalten bei Gelegenheit der Dreizehnlinden-Feier am Diekircher Gymnasium. Diekirch 1928, 13 S.
  • Einiges über den Gesangunterricht an den Luxemburger Mittelschulen: Erfahrungen und Erlebnisse eines alten Musikdilettanten. Jonghémecht: Zeitschrift für heimatliches Theater, Schrift- und Volksstum, Jg. 4 (1930), Nr. 5/6/7, S. 173-177.[1]
  • Dem Diekircher Volksliederfest zum Geleit. Meng Mamm / Wirder vum E. Kowalsky ; Musek vum Jul. Wengert. Dohém / Wirder vum Em. Kowalsky ; Musek vum Eug. Klein. Diekirch 1930, 6 S.
  • Musik und Gesang in Diekirch von 1891 bis 1931: eine kurzgefaßte lokal-historische Plauderei. Brüssel 1938, S. 121-138.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Anders-Malvetti, U., A. Nitschké, C. Reuter & D. Sagrillo, 2016. Luxemburger Musikerlexikon. Komponisten und Interpreten. Band 1: 1815-1950. Weikersheim, Margraf Publishers, 1243 S.
  • Chroniques, 1947. Gymnase de Diekirch. Année scolaire 1944-1945. Nécrologie. Établissements d'enseignement secondaire. Chroniques des années 1944-45, 1945-46 et 1946-47, Luxembourg, S. 81-83.
  • Colling, N., 1992. Von der Gesangstunde zur Musikerziehung. In: Livre d'or du Lycée classique de Diekirch. Diekirch, S. 687-696.
  • Foos, A., 1939. Der Anteil des luxemburgischen Professorenkorps am musikalischen Leben. In: Un siècle de vie intellectuelle 1839-1939. Luxembourg, S. 241-248.
  • Gloden, A., 1939. Les mathématiques et la physique au Grand-Duché de Luxembourg de 1839 à 1939. Travaux concernant les mathématiques, la physique et l'enseignement de ces sciences dus aux professeurs de nos établissements d'enseignement secondaire depuis un siècle. In: Un siècle de vie intellectuelle 1839-1939. Luxembourg, S. 274-292.
  • Heinen, J., 1992. « Fanfare en tête… ». Zur Geschichte der «Kolléischmusek». In: Livre d'or du Lycée classique de Diekirch. Diekirch, S. 697-721.
  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 1-125.
  • Schlim, E., 1939. Emile Kowalsky. In: Un siècle de vie intellectuelle 1839-1939. Luxembourg, S. 41-44.
  • Schroeder, Pr., 1936. Professeur Emile Kowalsky. Luxemburger Wort 1936-11-17, Die Rundschau, Beilage des "Luxemburger Wort" für Literatur, Kunst- und Wissenschaft, Nr. 23, S. 2. [2]
  • Strainchamps, J.P.R., 1988. Cent cinquante ans de dissertations élaborées dans le cadre du stage ou de la formation continue des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur en Luxembourg et de contributions aux Programmes et aux Chroniques de l'E.S. 1837-1987. Dissertations classées par matières. Courrier de l'Education Nationale, N° spécial, mai 1988, Luxembourg, S. 1-302.
  • Wort, 1943. Ehrenprofessor Em. Kowalsky gestorben. Luxemburger Wort 1943-09-09, S. 4.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Anders-Malvetti et al. 2016 ginn iertemlecherweis d'Joer 1877 als Gebuertsjoer un.
  2. 2,0 2,1 2,2 Lang 1967, S. 55.
  3. Gloden 1939, S. 279; net 1892, wéi et bei Strainchamps 1988, S. 216, steet.
  4. Schroeder 1936, Foos 1939; Schlim 1939; Wort 1943; Chroniques 1947, S. 82; Colling 1992, S. 690; Heinen 1992, S. 699.
  5. 5,0 5,1 Anders-Malvetti et al. 2016, S. 568-571.
  6. Lang 1967, S. 55: “l'âme musicale de Diekirch“; Wort 1943.
  7. Schroeder 1936.