Op den Inhalt sprangen

Emile Lavandier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Emile Lavandier
Gebuer 30. Juni 1885
Monnerech
Gestuerwen 15. Mee 1926
Lëtzebuerg
Alter 40 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Den Emile Lavandier, gebuer den 30. Juni 1885 zu Monnerech[1], a gestuerwen de 15. Mee 1926 an der Stad Lëtzebuerg (am Alter vu 40 Joer), war e lëtzebuergeschen Ingenieur.[2]

Hie gouf 1913 Betribsingenieur um Stolwierk vun Thyssen zu Hagondage (deemools: Hagendingen) a Loutrengen. Dono war en, bis 1923, Chef-Ingenieur op der Hadir zu Déifferdeng.[3]

Hie war ausserdeem Directeur-adjoint vun der Hadir, Ingénieur-conseil vum Gruppement Marine et Homécourt a President vun der Association luxembourgeoise des ingénieurs industriels (ALII).

Den Emile Lavandier war mat der Marguerite Fischer bestuet, d'Koppel hat zwou Duechteren.

An der Stad Lëtzebuerg, zu Hollerech, gouf eng Strooss no him genannt.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (en) Emile Lavandier (1885-1926) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (30.06.1885). Gekuckt den 09.02.2026.
  2. ↑ Quell, wou net anescht uginn: Avis mortuaire. In: Escher Tageblatt, 1926. Jg., nº 113 (17.05.1926), p. 4 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  3. ↑ Lavanfier Emile, ingénieur. Fiche op industrie.lu.
  4. ↑ L-1924.