Op den Inhalt sprangen

Emile Pauly

Vu Wikipedia
Emile Pauly
Gebuer 12. Januar 1885
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 4. Januar 1967
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zänndokter
Auszeechnungen Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau, Officier vum Ordre de la couronne de chêne, Officier vum Ordre de Léopold II

Den Emile Pauly, gebuer den 12. Januar 1885 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 4. Januar 1967 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zänndokter.[1]

Hie war deen éischten Zänndokter, dee sech zu Déifferdeng etabléiert huet, an hat do bal 45 Joer laang seng Praxis.

Zu Déifferdeng war hien am Veräinsliewen aktiv an huet sech ënner anerem an der Déifferdenger Chorale an der Harmonie municipale engagéiert (wouvun e President an Éierepresident war), huet d'Lokalsektioune vun den Amitiés françaises a vum Roude Kräiz, sou wéi d'Vakanzekolonien an d'Liewe geruff, war Matgrënner vum Syndicat d'initiative an huet gréisser Feierlechkeeten, wéi de Blummecorso oder d'Honnert-Joer-Feier, matorganiséiert.

Hie gouf um Stater Nikloskierfecht begruewen.

Gielercher an Éierungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Croix „Pro Ecclesia et Pontifice“
  • Médaille Commémorative du Roi Albert Ier

Zu Nidderkuer gouf eng Strooss no him genannt.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "In memoriam Dr. Emile Pauly." In: Luxemburger Wort, 120. Jg., n° 14/15 (14.01.1967), p. 7 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
  2. Lokaliséierung op geoportail.lu.