Emile Seiler

Vu Wikipedia
Emile Seiler
Gebuer 2. Juli 1936
Iechternach
Gestuerwen 16. September 2022
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister, Enseignant, Auteur


Den Emile Seiler, gebuer den 2. Juli 1936 zu Iechternach an do gestuerwen de 16. September 2022, war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen, Professer, Historiker an Auteur.[1]

Den Enseignant[änneren | Quelltext änneren]

Den Emile Seiler gouf den 1. Juli 1962 duerch de Bëschof Leo Lommel zum Priister geweit.[2]. Dono gouf hie Chargé de cours am Iechternacher Lycée Classique[3] a Koadjutor vum Iechternacher Konvikt, an zwar vum Schouljoer 1962/63 bis zum Schouljoer 1968/69[4]. Vun 1969 bis 1971 huet den Emile Seiler am Institut catholique de Paris weiderstudéiert a säi Studium mat enger Maîtrise en Pastorale catéchétique ofgeschloss. Nodeems hie véier Joer laang am Lycée Robert-Schuman enseignéiert hat, war den Emile Seiler vun 1974 bis zu senger Pensioun am Joer 2000 Reliounsprofesser am Iechternacher Kolléisch.

De Kleriker[änneren | Quelltext änneren]

Um Niveau vun der Diözees war den Emile Seiler jorelaang Bëschofsvikar fir de Reliounsunterrecht a Sekretär vun der Liturgiekommissioun. 1990 gouf hien Éierechanoine vun der Kathedral an 2012 krut hie vum Poopst Benedikt XVI. d'Ernennung zum Päpstlechen Éierekaploun (Kaplan Seiner Heiligkeit, Cappellano di Sua Santità), woumat d'Uried Monsignore verbonnen ass.

Den Historiker[änneren | Quelltext änneren]

Den Emile Seiler war zënter 1996 Membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal.[5] Hien huet sech virun allem mat dem Willibrorduskult an der Geschicht vun der Iechternacher Sprangpressessioun beschäftegt an doriwwer eng ganz Rei vun Artikelen an der Warte publizéiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980. Der Religionsunterricht in den staatlichen Sekundarschulen: zur heutigen Situation. Impr. Saint-Paul, 96 S.
  • 1983. 125 Jahre Schwestern vom Armen Kinde Jesus in Echternach. Luxemburg, St. Paulus-Druckerei, 22 S. [erw. Separatdruck aus Luxemburger Wort 1982, Nr. 280 (4. Dezember), S. 21-22].
  • 1984. In memoriam Ehrendechant Mgr. Ernest Biermann: ein Kapitel aus der rezenten Echternacher Pfarrgeschichte. Die Warte 1984, Nr. 22, S. 1-2.
  • 1987. Ehrendomherr Jean Pastoret (1908-1987): Leben und Werk des 7. Dechanten von Echternach. Lëtzeburger Sonndesblad 1987, Nr. 31, S. 6-7; Nr. 32, S. 6-7.
  • 1989. Saint Willibrord. Auteurs: Alex Langini, Émile Seiler, Paul Thomé, Théophile Walin ; scénariste: Éliane Braun ; dessinateur: Bruno Congar. Lingolsheim-Strasbourg, Éd. du Signe, 29+VIII p. (Bande dessinée).
  • 1989. Die Verehrung des heiligen Willibrord im Erzbistum Luxemburg. Heimat und Mission, Jg. 63(1989), Nr. 9, S. 164-189.
  • 1992. Clara Fey, Stifterin der Kongregation der Schwestern vom Armen Kinde Jesus. Auf dem Weg zur Seligsprechung. Luxemburger Wort 1992, Nr. 27 (1. Februar), S. 7.
  • 1998. Irmina, eine Luxemburger Heilige? Die Warte 1998, Nr. 5 (5. Februar), S. 1-2.
  • 1998. Dekanat und Pfarrei Echternach. Nos Cahiers 19 (2-3), S. 293-361.
  • 1999. Professor Edouard Molitor zum Gedenken. Luxemburger Wort 1999, Nr. 274 (27. November), S. 19.
  • 2000. Willibrord. In: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon. Band 18, Spalten 1521-1530.
  • 2001. Sebastian, der zweite Patron von Echternach. Zum Fest des Heiligen am 20. Januar. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 30 S. (Tiré à part aus: Die Warte 2001, Nr. 2, S. 1-2; Nr. 3, S. 3-4; Nr. 4, S. 1-2).
  • 2002. Die Springprozession unter der Naziherrschaft. Die Warte 2002, Nr. 16 (16. Mai), S. 1-2; Nr. 17 (30. Mai), S. 3-4.
  • 2002. Bonum certamen certavi, cursum consumavi, fidem servavi: Dr. phil. Georges Kiesel zum Gedenken. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 38 S. [Tiré à part aus: Die Warte 2002, Nr. 20 (20. Juni), S. 1-2; Nr. 21 (27. Juni), S. 3-4].
  • 2003. Die Echternacher Pfarrkirche als Ziel der Springprozession. Die Warte 2003, Nr. 19 (5. Juni), S. 1-2; Nr. 20 (12. Juni), S. 1-2.
  • 2004. Abt Bertels (1544-1607) und die Springprozession. Die Warte 2004, Nr. 19 (27. Mai), S. 1-2.
  • 2005. Abt Thiofrid von Echternach und seine Vita Willibrordi. Die Warte 2005, 31 (3. November): 4-5; Nr. 32 (10. November), S. 4-5; Nr. 33 (17. November), S. 8.
  • 2005. Die Springprozession in Berichten vor dem Jahre 1800. Die Warte 2005, Nr. 15 (12. Mai), S. 4-5.
  • 2006. Zur Geschichte der Springprozession: Wallfahrtsfeindliche Tendenzen im 17. Jahrhundert. Die Warte 2006, Nr. 29 (9. November), S. 6-7; Nr. 30 (16. November): 8-10.
  • 2007. Die Echternacher Springprozession. Ein historischer Überblick. Die Warte 2007, Nr. 15 (10. Mai), S. 8-10; Nr. 16 (24. Mai), S. 8-10.
  • 2009. Historiker, Forscher, Organisator: Paul Spang (1922-2009), ein treuer Mitarbeiter von “Wort” und “Warte”. Die Warte 2009, Nr. 13 (23. April), S. 1-3.
  • 2009. Zur Geschichte der Springprozession: Älteste Berichte in Zeitungen und illustrierten Zeitschriften. Die Prozession um die Mitte des 19. Jahrhunderts. Die Warte 2009, Nr. 16 (14. Mai), S. 7-10.
  • 2011. Zur Geschichte der Springprozession. Im Fokus der Medizin. Die Warte 2011, Nr. 25 (22. September), S. 7-10; Nr. 31 (10. November), S. 7-10.
  • 2012. Zur Geschichte der Springprozession. Willibrords Heimkehr in seine Klosterkirche: nach fast hundertjähriger Verehrung in der Pfarrkirche. Die Warte 2012, Nr. 17 (24. Mai), S. 9-12.
  • 2013. Zur Geschichte der Springprozession. Pfingstfeierlichkeiten im Überblick: (I) Die Jahre 1890-1920. (II) Zwischen den Weltkriegen. Die Warte 2013, Nr. 3 (24. Januar), S. 9-12; Nr. 10 (21. März), S. 7-10.
  • 2015. Das Bürgerhospital seit der Französischen Revolution: Die Borromäerinnen in Echternach. In: J. Schroeder et al.: D'Eechternoacher Spidol voan der Grënnung oa bis haut: d'Institutiunn an d'Leit : 698-2015. Echternach, S. 45-65.
  • 2015. Prozession ohne den Landes-Bischof: zur Geschichte der Echternacher Willibrorduswallfahrt: 1947 vertrat ein Redemptoristen-Bischof den Luxemburger Oberhirten. Die Warte 2015, Nr. 30 (29. Oktober), S. 4-7.

Gielercher[6][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erasmy, Francis, 2022. Nachruf auf Abbé Emile Seiler. Feliciter 2022, Nr. 65 (November), S. 2.
  • Seiler, Emile, 1992. Das bischöfliche Konvikt Sankt Willibrord. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 233-274.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Erasmy 2022; Luxemburger Wort 2022-09-19, S. 40 (Avis mortuaires).
  2. Erasmy 2022. Kuck och: „Christus wird euch weiter Wegbegleiter sein!“. Fünf Geistliche feierten goldenes Priesterjubiläum mit dem Erzbischof. Luxemburger Wort 2012-07-04, Nr. 154, S. 17. — Am vergangenen Sonntag in Echternach: „De gemeinsamen Ausdrock vun eisem Merci!“ Dechant Théophile Walin und Ehrendomherr Emile Seiler feierten goldenes Priesterjubiläum. Luxemburger Wort 2012-07-04, Nr. 154, S. 32.
  3. Luxemburger Wort 2022-09-20, S. 40 (Avis mortuaires, Annonce vum LCE).
  4. Seiler 1992, S. 256, 265 an 272.
  5. Institut grand-ducal, Section historique, membres.
  6. Seiler Emile (* 02.07.1936 – † 16.09.2022). Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg. Gekuckt de(n) 2023-01-15.