Emilie Schmitz
| Emilie Schmitz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
20. Juni 1906 Ëlwen |
| Gestuerwen |
23. Mäerz 1945 Lager Hirzenhain |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Resistenzlerin |
|
| |
D'Marie-Th.-Emilie Schmitz, gegebuer den 20. Juni 1908 zu Ëlwen, a gestuerwen den 23. Mäerz 1945 bei Hirzenhein, war eng lëtzebuergesch Resistenzlerin am Zweete Weltkrich.[1]
D'Emilie Schmitz war dat Drëtt vun aacht Kanner vum Eisebunner Michel Schmitz a senger Fra Marie Band. Zesumme mat hire Schwëstere Louise a Berthe huet si zu Ëlwen an der Groussgaass den Economat vun der Eisenbunnerkooperativ (Coopérative des Cheminots) gefouert. Wärend dem Krich huet si bei sech doheem um Späicher Refractairen an ofgeschossen alliéiert Zaldote verstoppt.[2]
Si gouf den 11. Januar 1945 zu Ëlwen, dat fir e knappse Mount vun der Wehrmacht wärend der Ardennenoffensiv erëm besat gi war, zesumme mat anere Familljemembere vun der Gestapo verhaft an an Däitschland bruecht.
Si koum op Frankfurt an de Policeprisong, ma gouf am Mäerz, wéi d'Amerikaner ënner méi no komen, an d'Arbeitserziehungslager Hirzenhain an Hessen verschleeft. Dräi Deeg drop, wéi och do d'Amerikaner sougutt wéi do waren, gouf se, zesumme mat 86 anere gefaangene Resistenzler aus anere Länner, den 23. Mäerz 1945 vun engem Exekutiounskommando vun der Gestapo erschoss.[1]
An de Joren dono huet hir Famill versicht, gewuer ze ginn, wéi a wou d'Emilie Schmitz gestuerwe wier. Si huet en däitsche Jurist, den Affekot Hans Niedner, kontaktéiert, deen am Krich bei hinnen am Buttek Zigarette kaf hat, a seng Adress hannerlooss hat, an e gefrot, ob hien net méi erausfanne kéint.[3][4] Deem seng Recherchen hate Succès, an esou koum et 1951 zum Gießen zum Prozess géint Membere vum Waachkommando vun Hirzenhain, bei deem den SS-Hauptscharführer Emil Fritsch um Enn (als eenzegen vun den Ugekloten) zu liewenslaangem Prisong veruerdeelt gouf.[5][6]
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]- Croix de la résistance (Lëtzebuerg), posthum de 27. Oktober 1947[7]
- zu Ëlwen gouf 1994 d'Cité Emilie Schmitz no hir genannt.[8]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- "In Memoriam Emilie Schmitz". In: Ons Jongen, 4. Jg., nº 25 (16.12.1947), p. 15 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- Marg. Bach: "Emilie Schmitz †: De' daper Letzeburger Resistenzlerin." In: Revue, 4. Jg., nº 5 (01.03.1948), p. 144 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- "Eine Luxemburger Heldin". In: Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 79/80 (20.03.1965), p. 17 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Fiche an Erënnerungskaart op ons-jongen-ons-meedercher.lu (nogekuckt: 22.12.2025).
- ↑ Jean-Claude Muller: "Vor 80 Jahren - das tragische Schicksal der Resistenzlerin Emilie Schmitz aus Ulflingen". De Cliärrwer Kanton I/2025, S. 3–12.
- ↑ "Deutscher Landser kaufte Zigaretten in Luxemburg; Er rollte das Drama von Hirzenhain auf." In: Luxemburger Wort, 104. Jg., n° 30 (30.01.1951), p. 3 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Archives nationales de Luxembourg, Le Gouvernment du Grand-Duche de Luxembourg, Dossier Emilie Schmitz, CR-3068
- ↑ C.F. Rüter, D.W. de Mildt (Hrsg.): Justiz und NS-Verbrechen. Sammlung deutscher Strafurteile wegen nationalsozialistischer Tötungsverbrechen seit 1945. Verfahren und Urteil Lfd.Nr.268a: LG Giessen vom 01.03.1951. In: JuNSV Bd.VIII S. 219-239
- ↑ Hessisches Staatsarchiv Darmstadt, H13 Gießen 542, Bd. 1–21, Strafsache Fritsch
- ↑ Archives Nationales de Luxembourg, Dossier Croix, Emilie Schmitz 95/2990, C47/334.
- ↑ L-9913; Lag op geoportail.lu.
