Emily Dickinson

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Emily Dickinson

D'Emily Elizabeth Dickinson, gebuer den 10. Dezember 1830 zu Amherst, am Massachusetts, an och do de 15. Mee 1886 gestuerwen, war eng US-amerikanesch Dichterin. Si gëllt haut als eng vun de bedeitendsten Dichterinnen aus hirem Land. Hir Gedichter, déi eréischt 1890 no hirem Doud publizéiert goufen, schénge stilistesch dacks an d'20. Joerhonnert virzegräifen.

Si huet ganz zréckgezu gelieft, an hat just mat engem grappvoll Leit Kontakt.

Hir éischt Gedichter si vun 1850, déi se vun ongeféier 1858 un an engem Heft gesammelt huet. Vun 1860 bis 1870 huet si am meeschte geschriwwen, huet do awer schonn ënner Elengsinn a Krankheet gelidden. Déi éischt posthum Editioune vun hire Gedichter goufen dacks am Text vum Editeur verännert, eréischt 1955 koum déi éischt kritesch Gesamteditioun vun hirem Wierk an dräi Bänn ënnert dem Titel The Poems of Emily Dickinson, Ed. Th. H. Johnson (Cambridge, Mass.) eraus.

Themen, déi dacks bei hir erëmkoumen, sinn d'Natur, Léift, Doud an Erwaardung vum Doud, Onstierflechkeet, Verzicht, an d'Transzendenz vun der Zäit.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • The Poems of Emily Dickinson, Ed. R.W. Franklin, Cambridge, Mass., 1998.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans Galinski: Wege in die dichterische Welt Emily Dickinsons. In: Gerhard Hoffmann (Hrsg.): Amerikanische Literatur des 19. Jahrhunderts - Interpretationen Band X. Fischer Taschenbuchverlag, Frankfurt a. M., ISBN 3-436-01456-7, S. 239–268.
  • S. Juhasz, G. Grabher, R. Hagenbüchle, C. Miller: The Emily Dickinson Handbook. University of Massachusetts Press, 1998.
  • Connie Ann Kirk: Emily Dickinson: a biography. Westport, Greenwood Press, Conn. [u.a.] 2004, ISBN 0-313-32206-6.
  • Gunhild Kübler: Emily Dickinson – Eine Seele in Weißglut. In: Verena Auffermann, Gunhild Kübler, Ursula März, Elke Schmitter (Hrsg.): Leidenschaften. 99 Autorinnen der Weltliteratur. C. Bertelsmann, München 2009, ISBN 978-3-570-01048-8, S. 142–147.
  • Brita Lindberg-Seyersted, The Voice of the Poet. Aspects of Style in the Poetry of Emily Dickinson. (Uppsala 1968).
  • C. Miller, Emily Dickinson: A Poet's Grammar. (Cambridge, 1987).
  • Linda Wagner-Martin: Emily Dickinson: a literary life. Basingstoke [u.a.]; Palgrave Macmillan, 2013, ISBN 978-1-137-03305-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emily Dickinson – Biller, Videoen oder Audiodateien