Op den Inhalt sprangen

Emlyon Business School

Vu Wikipedia
Emlyon Business School
emlyon
Typ Geschäftsbetrib
Land Frankräich
Leedung Isabelle Huault
Schülerzuel 9.000
  2021
Gegrënnt 1872
Genannt no Lyon
Koordinaten 45°44'29,53763"N, 4°50'21,79730"O
Um Spaweck https://www.em-lyon.com/

D'EM Lyon Business School, virdrun École supérieure de commerce de Lyon (ESC Lyon), ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, Lyon, Saint-Étienne, Casablanca[1] a Shanghai.

Si gouf 1872 gegrënnt. 2014 gouf d'EM Lyon am Ranking vun der Financial Times ënner déi 14 bescht European Business Schools gewielt[2]. Den Executive MBA vun der EM Lyon beleet am internationale Ranking vun der Zeitung déi 68. Plaz[3]. Der Schoul hiren MEB ass änlech wéi e Vollzäit-MBA mä zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus. D'EM Lyon huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der EM Lyon sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB.

Méi wéi 33.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de Jean-Pascal Tricoire (PDG Schneider Electric), de Bernard Fornas (PDG Cartier International), de César Girod (PDG Pernod), de Stéphane Bern (franséische Journalist) an de Philippe Marcel (PDG Adecco France).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. EM Lyon s’installe à Casablanca Archivéiert den 02.01.2016. Gekuckt den 03.01.2016.
  2. European Business School Rankings 2014 Archivéiert den 28.11.2015. Gekuckt den 03.01.2016.
  3. Six Executive MBA français en bonne position dans le classement mondial du Financial Times Archivéiert de 27.02.2016. Gekuckt den 03.01.2016.