Enceladus (Mound)

Vu Wikipedia
Enceladus
Enceladus (Opnam vum Voyager 2 vun der NASA)
Entdeckung
Entdecker Wilhelm Herschel
Datum vun der Entdeckung 28. August 1789
Date vum Orbit
Mëttel Distanz zum Saturn 238.020 km
Numeresch Exzentrizitéit 0,0045
Ëmlafzäit 1.370 Deeg
Inklinatioun 0,02°
Physikalesch Daten
Mëttleren Duerchmiesser 504,2 km
Fläch 800.000 km²
Mass 1,08×1020 kg
Dicht 1,61 g/cm3
Gravitatioun op der Uewerfläch 0,079 m/s2
Rotatiounsdauer (a sidereschen Deeg) 1.370 Deeg
Fluchtvitesse 0,214 km/s
Albedo 0,99
Visuell Magnitude 11,8 m
Uewerflächentemperatur 9470 K (-203 °C)
Atmosphäreschen Drock <1 kPa

Den Enceladus ass ee vun de grousse Mounde vum Planéit Saturn.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Enceladus (oder Saturn II) ass den 28. August 1789 vum Wilhelm Herschel entdeckt ginn.

De Mound krut den Numm vum Gigant Encelados aus der griichescher Mythologie. Den Numm "Enceladus" an déi vu weidere siwe Saturnmounde si vum Wilhelm Herschel sengem Jong, dem Astronom John Herschel, an enger Verëffentechung vun 1847, Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope, virgeschloe ginn.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Den Enceladus ëmkreest de Saturn an engem duerchschnëttlechen Ofstand vun 238.020 km an 32 Stonnen an 53 Minutten. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,0045 op an ass 0,02° géint den Equator vum Saturn geneigt.

Opbau a physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Den Enceladus ass e bëssen onreegelméisseg geformt. Op senger Uewerfläch konnte verschidden Terrainen ausgemaach ginn. Nieft Aschlagkratere sinn och Gläichten, souwéi Bréch a Verwerfunge ze gesinn.

Duerstellung vun engem kale Geysir

En Deel vu senger Uewerfläch schéngt mat engem geschaten Alter vun 100 Millioune Jore relativ jonk ze sinn. Dat bedeit datt den Enceladus geologesch aktiv ass. Dorop weist och d'Tatsaach hin datt d'Uewerfläch mat rengem Waasseräis bedeckt ass, dat 99% vum Sonneliicht reflektéiert. Dat ass deen héchste Prozentsaz vun engem Himmelskierper am Sonnesystem. D'Ursaach kéint Kryovulkanismus (kale Vulkanismus) sinn, bei deem Waasser aus dem Bannenzege vum Mound austrëtt a sech iwwer d'Uewerfläch verdeelt. Et ass dee klengste bekannte Kierper am Sonnesystem deen eng geologesch Aktivitéit vun där Zort huet.

Den Enceladus ass vill ze kleng fir datt radioaktiven Zerfall zu enger nennenswerter Erwiermung bannen am Mound féiere kéint. En ëmkreest de Saturn an enger 2:1 Resonanz mat dem Mound Dione, grad sou wéi d'Mounden Io an Europa de Jupiter ëmkreesen, wouduerch Gezäitekräfte wierksam ginn, déi Reiwunge bannen am Mound bewierken, dee sech doduerch ophëtzt. Allerdéngs geet dee Mechanissem net duer fir genuch Wäermt fir Verflëssegung vum Waasseräis ze produzéieren. Am Kär vum Enceladus schéngt et cheemesch Stoffer ze ginn déi de Schmëlzpunkt vum Äis erofsetzen.

Et si Rësser, Gläichten an Deformatiounen an der Kuuscht z'erkennen, déi dorop schléisse loossen datt de Kär vum Mound zurzäit flësseg ass, obwuel e fréier gefruer war.

Wéinst der héijer Reflektioun vum Sonneliicht sinn um Enceladus Temperature vun ënner -200° Celsius. Iwwerraschenderweis ass um Südpol vum Mound eng Zon vu lokaler Erwiermung. D'Ursaach vun där Hëtztquell ass onbekannt. An där Regioun ass d'Uewerfläch vu parallele Sträifen duerchzunn, déi aus Splécke bestinn an deenen e blozegt Äis duerchliicht. D'Ëmgéigend erënnert un eng zäitweileg erstarrte Mass. Et ka sinn datt ënner der Uewerfläch sech d'Äis a Konvektiounsstréim beweegt an domat eng kryovulkanesch Aktivitéit ausléist. Dee Prozess erënnert a sengen Effekten un d'Plackentektonik op der Äerd, respektiv un änlech Aktivitéiten um Jupitermound Europa.

Den Enceladus rotéiert an 32 Stonnen an 53 Minutten ëm déi eegen Achs. E weist domat, wéi den Erdmound, eng sougenannte gebonne Rotatioun op. D'Rotatiounsachs steet am Senkel zu der Ëmlafbunn.

Fontainen aus Eiskristaller, déi vum Mound opsteigen, versuergen anscheinend den E-Rank vum Saturn mat neiem Material. Well d'Rankmaterial sech net méi laang wéi e puer dausend Joer op der Bunn hale kann, suergt déi geologesch Aktivitéit vum Mound fir Ravitaillement. D'Fontaine schénge mat de Sträifen um Südpol zesummenzehänken

Den Enceladus huet eng visuell Magnitude vun 11,8m. Fir en z'observéiere brauch een e groussen Teleskop.

Erfuerschung duerch d'Sond Cassini-Huygens[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumsond Cassini-Huygens huet de Mound op hire Flich laanscht den Enceladus de 17. Februar a 9. Mäerz 2005 ënnersicht. Dobäi ass d'Sond an engem Ofstand vun nëmme 500 km laanscht de Mound geflunn an huet dobäi e Magnéitfeld an eng dënn Waasserdamp-Atmospär entdeckt. Well d'Gravitatioun vum Enceladus ze schwaach ass fir d'Gase laang ze halen, deit dat op eng dauerhaft Quell um Mound selwer hin. D'Gase kënnen entweeder vun der Uewerfläch oder vu banne vum Mound stamen. Domat ass den Enceladus, nieft dem Titan deen zweete Mound vum Saturn deen eng Atmosphär huet. Weider Date vun der Cassini-Missioun hunn awer erginn datt d'Enceladus-Atmosphär nëmmen op d'Südpolregioun beschränkt ass.

De 14. Juli 2005 si vun der Raumsond Cassini, déi de Mound an engem Ofstand vun nëmmen 175 km iwwerflunn huet, e sëllegen Äisbätz an der Gréisst vun engem Eefamilljenhaus observéiert ginn, vun deenen een net genee weess wou se hierkommen. Well déi Äisstécker am Beräich vum Sträifemuster um Südpol sinn, besteet mat grousser Warscheinlechkeet en Zesummenhank.

Den 9. Mäerz 2006 huet d'NASA matgedeelt, datt Opname vum Cassini flëssegt Waasser an der Südpolregioun unhuele loossen. Et kéint a Kummere sinn, déi méiglecherweis nëmmen e puer Meter ënnerder Uewerfläch leien a géif, änlech wéi e Geysir un d'Uewerfläch ausbriechen. Och d'Existenz vu Mikroorganismen gëtt elo net méi komplett ausgeschloss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Enceladus – Biller, Videoen oder Audiodateien