Op den Inhalt sprangen

Englebert Neveu

Vu Wikipedia
Englebert Neveu
Gebuer 16. August 1764
Lëtzebuerg
Gestuerwen 13. Mee 1836
Lëtzebuerg
Alter 71 Joer
Nationalitéit Herzogtum Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer

Den Englebert Neveu, gebuer als Engelbertus Neveux[1] de 16. August 1764 an der Stad Lëtzebuerg[2], an och do den 13. Mee 1836 gestuerwen[3], war e Paschtouer aus dem Herzogtum Lëtzebuerg.[4]

No senger Priisterwei den 29. Mee 1790 zu Tréier, gouf hie Kaploun an der Stad, du vu 1792 bis 1794 Paschtouer vu Palzem. Tëscht August an Oktober 1794 ass hien op Piesport geflücht, koum duerno awer op Palzem zeréck.[5]

Den 22. November 1794 gouf hie verhaft an op d'Île d'Oléron deportéiert; de 4. Februar 1800 gouf e vun der Deportatiounslëscht erofgeholl.[5]

Vun 1803 bis 1816 war hie Paschtouer zu Monnerech; anere Quellen no hätt e just bei sengem Brudder zu Monnerech gewunnt.[5]

Hien huet dem Stater Zivilhospiz eng gréisser Zomm Sue gespent. Posthum gouf hien de 27. Oktober 1890 vum Stater Gemengerot dofir geéiert. Den 11. Juli 1958 gouf och eng Strooss zu Hamm - déi bei d'Fleegeheem vum Hospiz féiert - gouf no him genannt; hie gëtt als bienfaiteur des hospices civils um Stroosseschëld ernimmt.[2][6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. an den Akte vum État civil steet den Numm mat <x> (cf Ref LU 64.2.2:800 - Neveu)
  2. 1 2 (fr) LU 64.2.2:800 - Neveu. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt den 08.02.2026.
  3. (fr) Gebuertsschäin N° 184 S. 151. Archives nationales, Ville de Luxembourg (13.05.2026). Gekuckt den 08.02.2026.
  4. Quell, wou net anescht uginn: "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr.30, 1989, S.28.
  5. 1 2 3 (de) Archives diocésaines Luxembourg - Diözesanarchiv Luxemburg. iserver.dioezesanarchiv.lu. dioezesanarchiv.lu. Gekuckt den 08.02.2026.
  6. L-2224, Lokalisatioun op geoportail.lu.