Enrico Lunghi
Enrico Lunghi | |
---|---|
![]() Den Enrico Lunghi am Juli 2011 (Foto: François Besch) | |
Gebuer | 18. November 1962 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Konschthistoriker |
![]() |
Den Enrico Lunghi, gebuer den 18. November 1962 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Konschthistoriker an Auteur.
Vun 1996 bis 2008 war hien artisteschen Direkter vum Casino Luxembourg an och Kommissär oder Kokommissär vun de meeschten Ausstellungen, déi do organiséiert goufen. Hie war vum Januar 2009 bis Enn 2016[2] Direkter vum Mudam.
Ausserdeem ass hien Tresorier an der lëtzebuergescher Sektioun vun der Association internationale des critiques d'art (AICA)[3] a vun 2005 bis 2011 President vun der International association of curators of contemporary art (IKT)[4]. Hie war fir Lëtzebuerg Kommissär op der Biennal zu Venedeg 1995 (Bert Theis, Potemkin Lock), 1999 (Simone Decker, Chewing and Folding Projects) an 2007 (Jill Mercedes, Endless Lust).
Den Enrico Lunghi schreift reegelméisseg eng Rubrik am Kulturissimo, der kultureller Bäilag vum Tageblatt, an huet ë. a. véier Romaner bei "Les Éditions de l'Officine" verëffentlecht an ee bei Editions Binsfeld. An Zesummenaarbecht mam Serge Basso publizéiert hien eng Krimi-Serie, déi d'Aventurë vum Lëtzebuerger Inspekter Wagner erzielt (bis elo: Les dessous de la Vierge à l'enfant an Y a des fausses notes dans la cinquième). Hien huet och e puer Lidder op youtube verëffentlecht, ë. a. Monsieur le Ministre (2017) an Letter to Bob (2019).
Poleemik no engem Interview op RTL Télé Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
No engem Interview den 13. September 2016 an deem hien der Freelancerin Sophie Schram de Mikro erofgedréckt hat, ass den Enrico Lunghi den 3. Oktober an der Sendung « De Nol op de Kapp », ënnert dem Titel «NOL: RTL-Journalistin hellt Mudam-Direkter op d'Geriicht », vun « Aggressioun mat coups et blessures volontaires » beschëllegt ginn. D'Sendung gëtt och ze verstoen, dat schonn eng Plainte géint hien deposéiert wier.
Den Dag drop huet de Premierminister, Kulturminister a Medieminister Xavier Bettel d'Press convoquéiert an ëffentlech eng Disziplinarprozedur géint de Lunghi annoncéiert, ouni mat him geschwat ze hunn an ouni datt hie säi Patron gewiescht wier (de Lunghi ënnerstoung dem CA vum Mudam a war am « congé sans solde » vun der fonction publique).
De 5. Oktober huet de Lunghi sech offiziell fir seng Opreegung (« de s'être emporté ») wärend dem Interview beim Sophie Schram excuséiert: RTL annoncéiert am selwechten Owend datt d'Plainte géint hien zeréckgezunn géif ginn (wéi et sech duerno erausgestallt huet, war ni eng Plainte gemaach ginn).
De 6. Oktober no enger réunion extraordinaire, publizéiert den CA vum Mudam e Communiqué an dem en dem Lunghi säi Behuelen bedauert (« regrette profondément l'attitude déplacée et désaprouve son emportement lors de son interview ») mä no him sengen Ëntschëllegunge géif e säin Vertrauen an den Directeur général erneieren (« sur la base des explications et excuses fournies… le conseil a décidé de réitérer sa confiance en son directeur général »). Wéi et sech duerno rausgestallt huet, hat den CA schonn de 5. Oktober d'Opzeechnung (d'Rushen) vum ganzen Interview vum 13. September – en hätt also als éischter kënnen de wierkleche Verlaf vum Interview novollzéien.
Den Här Bettel huet trotzdem op säin Disziplinarverfahre bestanen, dat zum Schluss op eng Verwarnung ausgelaf ass, déi klengst méiglech Disziplinarstrof.
Den Enrico Lunghi huet an der Tëschenzait seng Demissioun als Direkter vum Mudam eragereecht (31. Oktober): et entsteet dunn eng grouss Poleemik, wärend där hie vill Ënnerstëtzung am Land an aus dem Ausland kritt, a wärend där, ë. a., RTL d'komplett Rushe publizéiert (14. November), de Premierminister sech virum Parlament erkläre muss (28. November), d'Sendung « De Nol op de Kapp » ofgeschaaft gëtt (28. November), den Direkter vun RTL Lëtzebuerg Alain Berwick demissionéiert (2. Dezember, e puer Deeg virun enger Generalversammlung vun CLT-UFA), RTL e « Comité d'éthique » grënnt fir änlech Situatiounen an Zukunft ze vermeiden (7. Dezember), d'ALIA (den 12. Januar 2017) an de Presserot (4. Abrëll 2017) en ëffentleche Blâme géint RTL aussprécht.
Enn Dezember 2016 reecht den Enrico Lunghi eng « Plainte contre X » am Penal an – dräi Joer drop si wärend der Ermëttlung fënnef Inculpatiounen ausgesprach: géint d'Freelancerin Sophie Schram, géint de Marc Thoma, Journalist a Responsabel vun der Sendung « de Nol op de Kapp », géint de Steve Schmit, Responsabel vun de Programmer, géint den Alain Berwick, CEO vun RTL-Lëtzebuerg, a géint CLT-UFA (Bertelsmann).
D'Catherine Gaeng, Historikerin a Fra vum Enrico Lunghi, huet iwwer déi Affär a Buch publizéiert: "Lynchage médiatique et abus de pouvoir: chronique de l'affaire Lunghi-RTL-Bettel" » (déi 600 Exemplaren an auto-Editioun sinn ausverkaaft, disponibel an digitaler Form op Amazon).
Zanter senger Demissioun als Museumsdirekter schafft den Enrico Lunghi am Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) vum Educatiounsministère an op der Universitéit Lëtzebuerg (IRMA).[5]
2019 war hien, ë. a. Kommissär von der Retrospektiv Bert Theis am Mudam (Building Philosophy - Cultivating Utopia), von der Ausstellung Un monde, un seul, pour demeure - Collections des fracs Nouvelle Aquitaine, am Château de Biron (Dordogne), a vun der Ausstellung Celebration Factory vum Filip Markiewicz an der Kunsthalle Osnabrück.
Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
- La collectionneuse d'anges, Editions Binsfeld, 2017
- Les dessous de la Vierge à L'enfant, Roman noir polychrome; zesumme mam Serge Basso de March; Éditions Phi, Dezember 2013
- 2129 Chasse à l'homme de l'art; Les Éditions de l'Officine (2011)
- Nous sommes heureux - Fable artistique en quatre saisons; Les Éditions de l'Officine (2009)
- Morts au musée - Histoire d'art et de sang; Les Éditions de l'Officine (2008),
- Le crépscule d'un rêve américain - Le long de la Route 66; Les Éditions de l'Officine (2007)
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Hansen, Josée, 2009. Traces de parcours. Lëtzebuerger Land, 2. Januar 2009, S. 22.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ http://www.servicedulivre.be/fiches/l/lunghi.htm
- ↑ "Demissioun vum Direkter Enrico Lunghi elo offiziell." rtl.lu, 07.11.2016, 15:17:58.
- ↑ AICA Lëtzebuerg
- ↑ ikt-board-history
- ↑ rh, 2017. Personalien. Enrico Lunghi. d'Lëtzebuerger Land vum 6. Januar 2017, S. 4.