Epik

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Epik (griichesch επική [ποίηση] - Dichtung, déi zum Epos gehéiert) ass nieft der Lyrik an der Dramatik eng vun deenen dräi grousse Gattungen vun der Literatur. Bei der Epik handelt et sech ëm d'Erzielliteratur a Vers- oder Prosaform.

Bis zur Poetik vum 18./19. Joerhonnert ass d'Epik eng Bezeechnung fir d'Konscht vum Epos. Well d'Differenzéirung vun der epescher Dichtung am 19. Joerhonnert ëmmer méi zougeholl huet a well sech d'Prosa ëmmer méi entwéckelt huet, ginn ënner dem Begrëff Epik all Genre vun Erzielliteratur zesummegefaasst. D'Epik ënnerscheet sech vun der Dramatik an der Lyrik duerch fundamental Kennzeeche vun der Gestaltung, der Kommunikatioun an der Funktiounsweis. Zu dëse Kennzeeche gehéieren:

  • Erzielen als charakteristesch Form vun der Vermëttlung tëscht Erzieler an Nolauschterer bzw. Lieser, woubäi aus der Perspektiv vum Erzieler oder vun enger Figur erzielt gëtt (Erzielperspektiv).
  • Vergéigenwärtegung vum Geschéien als eppes Vergaangenes an ongebonnenen Ëmgang mat der Zäit (Erzielzäit).
  • Gestaltung vu gesellschaftlechen Zoustänn, individuellen Erliewnisser (Stream of consciousness).

Zu den éischten epesche Forme gehéieren z. B. Opschrëften op Géigenstänn, déi de Géigenstand erklären (Epigramm), wéi och déi méi héich Formen (Gnome, Sproch, Elegie). An den Kosmogonien, Theogonien a mysteschen Heelsléieren kritt d'Epik e méi poetesche Gehalt, andeems dat natierlecht Geschéien a personifizéierten Doten an Ereegnesser duergestallt gëtt. Fir d'Forme Mäerchen, Soen a Legenden gëllt dëst och. Bis zum Enn vum 18. Joerhonnert bestëmmt d'Epos d'Kennzeeche vun dëse Formen.

An der Iwwergangsphas vun der feudaler zur biergerlecher Gesellschaft huet d'Epik sech vu Grond op gewandelt an et kënnt an Europa zum Iwwergank vun der Vers- zur Prosa-Epik. Fir datt dës differenzéiert Welt gräifbar ze maache war, hu sech nei Erzielformen erausschiele missen. Dozou gehéiert z. B. de Roman. Duerch d'industriell Revolutioun si gläichzäiteg méi effektiv Mechanisme fir d'Verbreedung an d'Hierstellung vu Literatur entstanen. Doduerch ass d'Entwécklung vun de literaresche Formen méi séier virugaangen an et hu sech Formen entwéckelt wéi z. B. d'Novell, d'Glosse an d'Kuerzgeschicht.

Forme vun der Epik[änneren | Quelltext änneren]