Epoch (Chronologie)

Vu Wikipedia

Ënner Epoch versteet een an der Chronologie den Ausgangspunkt vun enger Ära (Joreszielung). An der Reegel ass dat en eenzelen Dag, deen en historescht oder e fiktiivt Ereegnes zeréckspigelt, z. B. den Ufank vun enger Regentschaft, d'Grënnung vun enger Stad oder d'Erschafung vun der Welt.

Déi eenzel Kalennersystemer ginn op ënnerschiddlech Aart a Weis mat Date vu virun hirer Epoch ëm: Kalenneren, déi zanter der ugehollener Erschafung vun der Welt gerechent hunn, waren net proleptesch, dat heescht, si hu keng Date virun där Epoch kannt. Am Gregorianesche Kalenner gëtt op d'Date vum proleptesche Julianesche Kalenner zeréckgegraff: Virun dem 1. Januar 1 n. Chr. läit do den 31. Dezember 1 v. Chr.. (Zum feelende „Joer Null“ kuck: Epochespronk.)

E puer Epochen an der chronologescher Reiefolleg[änneren | Quelltext änneren]

Epoch
(Date v. Chr.)
Ära Kalenner Ereegnes
1. September 5508 Byzantinesch Ära Julianesche Kalenner Erschafe vun der Welt
6. Oktober 3761 Jiddesch Ära Jiddesche Kalenner Erschafe vun der Welt
1. Juli 776 Olympesch Ära Griichesche Kalenner 1. Olympesch Spiller
21. Abrëll 753 Varronesch Ära Réimesche Kalenner Grënnung vun der Stad Roum
312 Seleukidesch Ära Syresche resp. babylonesche Kalenner Eruewerung vu Babylon duerch de Seleukos I.
Epoch
(Daten n. Chr.)
Ära Kalenner Ereegnes
1. Januar 1 Chrëschtlech Ära Julianesche Kalenner
Gregorianesche Kalenner
Gebuert Christi
29. August 284 Diokletianesch Ära Julianesche Kalenner Diokletian gëtt Keeser
15. Juli 622 Islamesch Ära (astronomesch) Islamesche Kalenner Hidschra
16. Juli 622 Islamesch Ära (biergerlech) Islamesche Kalenner Hidschra
22. September 1792 Franséisch Ära Franséische Revolutiounskalenner Ausruffe vun der Republik
17. November 1858 Ära vum M.J.T. Modifizéierte julianeschen Dag  
1. Januar 1912 Chuch'e-Ära Gregorianesche Kalenner Gebuertsjoer vum Kim Il-sung
28. Oktober 1922 Faschistesch Ära Gregorianesche Kalenner Marsch op Roum
1. Januar 1970 UNIX EPOCH Unixzeit Ufank vun der Unix Zäitzielung (00:00:00 UTC)

Bemierkung: E Kalenner ka mat ënnerschiddlechen Epoche benotzt ginn. Sou gëllt z. B. an Nordkorea eng aner Ära wéi an deenen anere Staaten déi de gregorianesche Kalenner benotzen. Ëmgekéiert kann eng Epoch an d'Ära déi dozou gehéiert och vu verschiddene Kalennere benotzt ginn.