Erhart Küng

Vu Wikipedia
Erhart Küng
Gebuer 1420
Stadtlohn
Gestuerwen 1507
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Sculpteur

Den Erhart Küng, gebuer ëm 1420 zu Stadtlohn a Westfalen, a gestuerwen den 30. Januar 1507 war Architekt a Magister operis, bei de Bauaarbechte vum Berner Münster.

Nodeem hien eng Léier fir Steemetzer hanneru sech hat, an no e puer Joer "op der Rull", huet e sech ëm 1455 zu Bern niddergelooss. 1460 war hien do Member vum Grousse Rot, an e gouf 1479 Stadarchitekt a 1483 Münsterarchitekt op Liewenszäit.

Den Haaptportal vum Berner Münster mam Küng sengem Jéngsterdag

De Küng war wesentlech dru bedeelegt, wéi d'Münsterplattform vergréissert gouf. D'Skulpturegrupp Jéngsterdag, déi um Tympanon vun der mëttlerer Westpaart, dem Haaptportal vum Münster, gemeesselt ass, staamt vun him a vu senge Gesellen.