Op den Inhalt sprangen

Eric Grand

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eric Grand
Gebuer 26. August 1977
Metz
Gestuerwen Juni 2023
Alter 45 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Basketballspiller, Basketballtrainer

Den Eric Grand, gebuer de 26. August 1977 zu Metz, a gestuerwen ëm den 29. Juni 2023[1], war e lëtzebuergesche Basketballspiller[2] an -trainer[1].

Hien huet ënner anerem fir d'Musel Pikes, Zolwer an de Racing gespillt, a war zulescht Trainer zu Beetebuerg[3].

2003 war den Eric Grand am Kader vun der lëtzebuergescher Härebasketballnationalekipp, an huet dräimol fir d'Nationalekipp gespillt[2].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (de) Eric Grand im Alter von 45 Jahren verstorben. luxemburger-wort-online (29.06.2023). Gekuckt den 29.06.2023.
  2. 1 2 http://archive.fiba.com/pages/eng/fa/player/p/pid/29872/sid/277/tid/320/tid2//_/2003_European_Championship_for_Men/index.html
  3. "Eric Grand am Alter vu 45 Joer gestuerwen." rtl.lu, 30.06.2023.