Op den Inhalt sprangen

DJ Nosi

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Eric Nosbusch)
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
DJ Nosi
Gebuer 2000er
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Disk Jockey, Museksproduzent

DJ NOSI (och an der Schreifweis DJ Nosi ze fannen) ass de Kënschtlernumm vum Eric Nosbusch, gebuer ëm 2000[1], engem Éisleker DJ a Museksproduzent, deen zu Pëtschent opgewuess ass an zu Wien lieft.[2]

Als DJ huet hien op klenge Baler a Partyen zu Lëtzebuerg ugefaangen an huet mëttlerweil queesch duerch Europa opgeluecht: Stad Lëtzebuerg (Den Atelier), Wien, Graz, Lissabon, Amsterdam, Berlin, Gersau, Maastricht, Antwerpen, Paräis, Salzbuerg, London, Madrid an op Festivallen ewéi e-Lake (L) an Tomorrowland (B). Hien huet d'Bün mat renomméierten DJe gedeelt ewéi Jeff Mills, James Hype, Steve Aoki, a Paul Kalkbrenner.

Den DJ NOSI produzéiert seng eege Musek am Stil melodic tech house, bekannt si seng Kompositiounen Schëdden a So Good. Hie war 2024 nominéiert gi fir de Lëtzebuerger Musekspräis an der Kategorie Nowuesstalent[3].

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) DJ Nosi a vaincu la maladie, il est prêt à fêter son retour. L'essentiel (05.04.2021). Gekuckt de 04.08.2025. „le DJ luxembourgeois de 21 ans (05.04.2021)“
  2. Quell: Anonym 2025. E groussen Dram gëtt Realitéit. Den Eric Nosbusch. D'Pëtschter Noriicht, Rubrik Sport an Fräizäit, Juli 2025: S. 34.
  3. Cf. Lëtzebuerger_Musekspräisser#Laureaten_2