Eridanus-Galaxiëkoup

Vu Wikipedia
D'Spiralgalaxie NGC 1232, eng vun den hellste Galaxië vum Eridanus-Koup.

Den Eridanus-Galaxiëkoup (och Fornax-II-Galaxiëkoup) ass eng Usammlung vu Galaxien, déi op enger Distanz vu ronn 85 Mio. Liichtjoer op der Grenz vum Stärebild Eridanus zum Stärebild Fornax stinn. Nom Virgo-Galaxiëkoup an dem Fornax-Galaxiëkoup ass den Eridanus-Galaxiëkoup deen drëttnooste Galaxiëkoup vun der Äerd. Wéi déi zwéin aner Galaxiëkéip gehéiert och den Eridanus-Koup zum Virgo-Superkoup. Hien enthält ronn 70 hell Galaxien, déi sech iwwer e Gebitt vun ongeféier 10° um Himmel verdeelen. [1] De Koup bilt mat dem Fornax-Koup, der Dorado-Grupp an e puer méi klenge Galaxiëgruppen d'Eridanus-Supergrupp. Jéngst Fuerschunge weisen drophin, datt et sech dobäi ëm e Galaxiëkoup handelt, deen nach an der Entwécklung stécht. De Koup huet eng Mass vu bis zu 1014 Sonnemasse.

An der follgender Tabell sinn déi 33 hellst Memberen opgelëscht.[1]

Numm α δ mB Typ Gréisst (′) Gréisst (kLj) vr (km/s)
NGC 1232 03 09,8 -20 35 10,7 SBc 6,9 170 1517
IC 1898 03 10,3 -22 24 13,7 SBc 3,4 85 1164
NGC 1258 03 14,1 -21 46 13,9 SBc 1,3 30 1340
NGC 1297 03 19,2 -19 06 13,5 E 2,0 50 1395
NGC 1300 03 19,7 -19 25 11,2 SBbc 6,0 150 1421
NGC 1325 03 24,4 -21 33 12,3 SBbc 4,7 115 1446
NGC 1325A 03 24,8 -21 20 13,6 SBcd 1,8 45 1188
NGC 1332 03 26,3 -21 20 11,4 E 4,2 105 1383
NGC 1347 03 29,7 -22 17 13,9 SBc 1,4 35 1624
NGC 1353 03 32,1 -20 49 12,4 SBb 3,5 85 1390
IC 1952 03 33,4 -23 43 13,5 SBbc 2,5 60 1683
IC 1953 03 33,7 -21 29 12,7 SBc 2,6 65 1733
NGC 1359 03 33,8 -19 29 13,0 SBm 2,1 55 1833
NGC 1371 03 35,0 -24 56 11,6 SBa 5,6 140 1344
NGC 1370 03 35,2 -20 22 13,9 E 1,5 35 933
NGC 1377 03 36,7 -20 54 13,8 S0 1,7 45 1645
NGC 1385 03 37,5 -24 30 11,5 SBc 3,7 90 1373
NGC 1383 03 37,7 -18 20 13,8 S0 1,7 40 1828
NGC 1395 03 38,5 -23 02 10,7 E 5,6 140 1577
NGC 1398 03 38,9 -26 20 10,5 SBab 7,1 175 1289
NGC 1401 03 39,4 -22 43 13,7 S0 1,9 50 1406
NGC 1400 03 39,5 -18 41 12,3 E 2,3 60 415
NGC 1407 03 40,2 -18 35 10,9 E 5,1 125 1650
NGC 1415 03 40,9 -22 34 12,8 Sa 3,3 80 1451
IC 346 03 41,7 -18 16 13,9 S0 1,9 45 1830
NGC 1426 03 42,8 -22 06 12,7 E 2,5 60 1296
NGC 1439 03 44,8 -21 55 12,4 E 2,6 65 1577
NGC 1440 03 45,0 -18 16 12,9 S0 2,2 55 1403
NGC 1438 03 45,3 -23 00 13,3 SBa 2,0 50 1438
NGC 1452 03 45,4 -18 38 12,9 Sa 2,3 60 1619
ESO 549-18 03 48,2 -21 28 13,3 SBc 2,5 60 1473
ESO 482-46 03 49,7 -27 00 13,7 Sc 3,5 90 1422
NGC 1482 03 54,6 -20 30 13,3 S0 2,2 55 1753

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 atlasoftheuniverse.com

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie