Erieséi

Vu Wikipedia
Erieséi
Vue op d'Presque Isle Bucht um Erieséi.
Land Kanada,
USA
Verwaltungseenheet Ontario
Länner um Uwänner Kanada, USA
Fläch 25.744 km²
Héicht. i. M. 173 m
Zoufloss Detroit River
Den Erieséi an déi aner Grouss Séien.

Den Erieséi (en.: Lake Erie; fr.: Lac Érié) ass vun der Fläch hier deen zweetklengste vun de fënnef Grousse Séien vun Nordamerika, déi duerch Flëss matenee verbonne sinn. No Déift a Volumen ass et dee klengsten. Den Numm kënnt vun der Stad Erie am Pennsylvania, déi hiren Numm vum Indianerstamm Erie (aus der Irokese Sprooch Ee-ree-a-gee, wat souvill wéi laange Schwanz bedeit) huet.

Den Ontarioséi läit op enger Héicht vu 174 m iwwer dem Mier an huet eng Fläch vun 25.667 km² an e Volume vu 484 km³. Säin Ëmfang ass 1.290 km, an den déifste Punkt ass 64 Meter ënner dem Waasser. Am Duerchschnëtt huet en eng Déift vun 19 Meter ënner dem Waasser, an ass deemno dee flaachste vun de fënnef Séien.

D'Grenz tëscht Kanada an de Vereenegte Staate geet duerch de Séi. Am Norde läit déi kanadesch Provënz Ontario, am Süden d'US-Bundesstaaten Ohio, Pennsylvania an New York. Haaptaffluent ass den Detroit River deen aus dem Lake St. Clair kënnt. Aner Flëss, déi dralafen, sinn den Grand River, Huron River, Maumee River, Sandusky River a Cuyahoga River. Am Nordoste leeft den Erieséi duerch den Niagara River mat den Niagarafäll an den Ontarioséi iwwer. Am Oste verbënnt den Eriekanal de Séi mam Hudson River.

Et gëtt eng 27 Inselen am Erieséi, 9 dovun sinn op kanadeschem Territoire, de Recht op US-amerikaneschem. Déi gréisst Insel ass Pelee Island, op der kanadescher Säit.

Um Séiufer leien d'Stied Buffalo, Erie, Toledo a Cleveland.

De Séi ass den Auswierkunge vun der Urbaniséierung, Industrialiséierung, Déierenziichterei an intensiver Landwirtschaft am stäerksten ausgesat. De fruchtbare Buedem ronderëm de Séi gëtt intensiv kultivéiert an den Erieséi ass deemno deen am meeschten urbaniséierte an och de knaschtegste vun de fënnef Séien.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Erieséi – Biller, Videoen oder Audiodateien