Erika Fuchs

Vu Wikipedia
Erika Fuchs
Gebuer 7. Dezember 1906
Rostock
Gestuerwen 22. Abrëll 2005
München
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Linguist, Iwwersetzer, Schrëftsteller

D'Johanna Theodolinde Erika Fuchs, mam Meederchesnumm Petri, gebuer de 7. Dezember 1906 zu Rostock a gestuerwen den 22. Abrëll 2005 zu München, war eng däitsch Iwwersetzerin.

Si gouf virun allem mat hiren Iwwersetzunge vun den amerikaneschen Disney-Comics bekannt, besonnesch vun de Geschichte vum Carl Barks ronderëm d'Famill Duck. An dësen Iwwersetzunge gouf et - anescht wéi bei den englesche Virlagen - ongezielt verstoppt Zitater a literaresch Uspillungen. Vun hire Schöpfunge sinn der vill der an den däitsche Sproochgebrauch agaangen, sou z. B. de Sproch "Dem Ingeniör ist nichts zu schwör" an déi op de Wuertstamm verkierzt Verben, mat deenen net nëmmen, wéi virdru scho bekannt, Geräischer beschriwwe ginn (z. B. "schluck", "stöhn", "knarr"), mä och psychesch Virgäng ouni Geräisch markéiert ginn (z. B. "grübel", "staun").

D'Erika Fuchs huet vun 1926 un zu Lausanne, München a London Konschtgeschicht studéiert. Duerno Examen 1931/32, a Promotioun 1935 mat Summa cum laude. Nom Zweete Weltkrich schafft si als Iwwersetzerin fir verschidden amerikanesch Zäitschrëften. 1951 gouf si Chefredaktesch an der neigegrënnter däitscher Micky Maus. 1988 goung si an d'Pensioun.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bohn, Klaus: Das Erika Fuchs Buch. Disneys Übersetzerin von Donald Duck und Mickey Maus: Ein modernes Mosaik. Dreidreizehn, Lüneburg 1996, ISBN 3-929746-10-7
  • Horst, Ernst: Nur keine Sentimentalitäten. Wie Dr. Erika Fuchs Entenhausen nach Deutschland verlegte. Blessing, München 2010, ISBN 978-3-89667-406-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]