Ernest Grégoire

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Ernest Grégoire
Gebuer 1801
Charleville
Aktivitéit Editeur, Militär
Famill
Kanner Ernest Grégoire
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Ernest Grégoire, gebuer 1801[1] zu Charleville a Frankräich a gestuerwen no 1870 zu Nanzeg(?)[2], war e belschen Offizéier vu franséischer Ofstamung, Dokter, Geschäftsmann, Orangist, Auteur, an Direkter an Editeur vun der Luxemburger Zeitung, der éischter Dageszeitung, déi zu Lëtzebeurg erauskomm ass.

1824 war hie republikaneschen an antiklerikale Kandidat bei de franséische Wale fir d'Parlament. Fir wéinst senge politesche Vuën net an de Prisong ze kommen, ass en an de südlechen Deel vun de Vereenegten Nidderlanden, déi haiteg Belsch, geflücht. Do huet en als Dokter a Geschäftsmann (Marchand-tailleur) geschafft, a war Offizéier (Colonel) wärend der Belscher Revolutioun, 1830. Geschwënn dono huet hien d'Säit gewiesselt an gouf en orangisteschen Agent.[3]

Vun 1836 un huet hien zu Tréier gewunnt (dat deemools zum protestantesch dominiéierte Preisen gehéiert huet), wou e wollt eng kathoulesch Zeitung erausbréngen. Well en dofir keng Autorisatioun krut, goung en an d'Stad Lëtzebuerg, fir se do ze publizéieren, a se dann déisäit der Musel ze verkafen. Dat war, vum 10. September 1844 un, d'Luxemburger Zeitung.[3]

Dono ass net méi vill vun him gewosst; e kéint ëm 1870 zu Nanzeg gestuerwe sinn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, d'Bibliothèque Nationale de France gëtt 1802 un
  2. De Luxemburger Lexikon gëtt 1869 un, wat net ka stëmmen well en huet 1870 nach e Schrëftstéck mam Titel Le coup d'Auteuil dévoilé. Victor Noir et ses spécialités erausginn. Et ass och net sécher datt en zu Nanzeg gestuerwen ass, do besteet d'Méiglechkeet datt e mat engem Professer vum Lycée Stanislas verwiesselt gouf, ausser hie wier déiselwecht Persoun gewiescht, mä da wier en eréischt no 1873 gestuerwen
  3. 3,0 3,1 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg 1704-2004. Luxemburg: Informations- und Presseamt der Regierung, 2004. ISBN 2-87999-135-8, S.48-53.