Ernest Leclère

Vu Wikipedia
Ernest Leclère
Gebuer 22. Abrëll 1865
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Mee 1938
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei LSAP

Den Ernest Leclère, gebuer den 22. Abrëll 1865 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen de 27. Mee 1938[2], war e lëtzebuergesche Politiker an Affekot.

Hie war fir d'Sozialdemokratesch Partei Deputéierten an der Chamber.

Den 3. Mäerz 1915 gouf hien deen éischte sozialistesche Minister (deemools Generaldirekter genannt) vu Lëtzebuerg, an zwar an der Regierung Eyschen, wéi déi fir d'sechst ëmgebilt gi war. Nom Doud vum Paul Eyschen (12. Oktober 1915) huet hien déi Funktioun an der Interims-Regierung Mongenast behale bis de 6. November 1915

An der Regierung duerno, där vum Loutsch (6. November 1915 - 24. Februar 1916) war de Leclère net mat dobäi, mä den 22. Dezember 1916 gouf en nees Minister: De Michel Welter hat missen als Minister fir Landwirtschaft, Handel an Industrie zerécktrieden, a sou huet de Leclère seng Plaz an der Regierung Thorn iwwerholl.

Duerno war den Ernest Leclère vum 19. Juni 1917 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[3]

1919 war en, zesumme mam Permierminister Émile Reuter, dem Unterrechtsminister Nicolas Welter an de Staatsrotmemberen Antoine Lefort an Antoine Funck, Deel vun där Delegatioun, déi Lëtzebuerg bei de Verhandlunge vum Traité vu Versailles vertrueden huet.

Hie war mat der Marie Eyschen bestuet.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten: biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 48.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 148 & 149 vum 28. an 29. Mee 1938, S. 8
  3. www.conseil-etat.public.lu, gelies den 9. Januar 2012