Op den Inhalt sprangen

Ernest Reiter

Vu Wikipedia
Ernest Reiter
Gebuer 1. Januar 1931
Rouspert
Gestuerwen 8. Oktober 2025
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Auteur

Den Ernest Reiter, gebuer den 1. Januar 1931[1] zu Rouspert, a gestuerwen den 8. Oktober 2025[2], war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Auteur.

Den Ernest Reiter huet vun 1951 bis 1956 op der Universitéit vu Léck studéiert, déi hie mat dem Diplom vum Ingénieur électricien et mécanicien verlooss huet.[3] Vun 1957 bis 1960 huet hien als Ingenieur am Service "Eaux et chaudières" vun der HADIR zu Déifferdeng geschafft. Vum 1. November 1960 u bis 1995 war hien Direkter vum Syndicat des eaux du Sud (SES).[3][4]

Den Ernest Reiter war Grënnungspresident vun der Association luxembourgeoise des services d'eau (ALUSEAU).[2]

Hien ass den Auteur bzw. Coauteur vun enger Rei vu Publikatiounen iwwer d'Waasserversuergung vu Lëtzebuerg bzw. iwwer den Henri Tudor.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Ernest Reiter, 1968. Le rôle de l'ancienne usine sidérurgique de Steinfort dans l'approvisionnement en eau potable du sud de notre pays. In : Fanfare Union musicale Steinfort : Inauguration du nouveau drapeau. Luxembourg 1968, p. 29-34.
  • L'approvisionnement en eau potable du Grand-Duché de Luxembourg. J. Barthel, J. Bintz, G. Hansen, L. Raths, E. Reiter, J. P. Wagener, J. Wagner, P. Weber. Luxembourg 1976, 110 f., multigraphié.
  • Distribution d'Eau des Ardennes 1929-1979 : Livre jubilaire édité par le Syndicat de la DEA à l'occasion de son cinquantenaire en collaboration avec Jacques Bintz, Guy Hansen, Paul Hansen, Robert Kremer, Ernest Reiter et Paul Weber. Luxembourg 1979, Imprimerie Saint-Paul, 110 p.
  • Ernest Reiter & François Scholer, 1983. Syndicat des eaux du Sud: 1908-1983 : 75 années au service du Sud du Grand-Duché de Luxembourg. Texte complet de la brochure,
  • Ernest Reiter, 2006. L'impact de l'invention de Henri Tudor sur le développement de l'industrie de l'accumulateur au plomb. Revue technique luxembourgeoise, Luxembourg 2006, n° 3, p. 137-148.
  • Henri Werner & Ernest Reiter, 2009. Henri Owen Tudor. L'impact d'une idée. Les Amis du Musée Henri Tudor, Luxembourg, 271 S.
  • Ernest Reiter, 2016. L'apport des ingénieurs luxembourgeois dans le développement de l'usine Tudor à Florival. Revue technique luxembourgeoise, Luxembourg 2016, n° 3, p. 68-73. PDF

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. État civil, Gemeng Rouspert-Mompech.
  2. 1 2 Luxemburger Wort, 18./19. Oktober 2025, S. 58 (Doudesannonce; Annonce ALUSEAU).
  3. 1 2 E. Reiter & F. Scholer, 1983. Syndicat des eaux du Sud: 1908-1983 : 75 années au service du Sud du Grand-Duché de Luxembourg, S. 46.
  4. Luxemburger Wort, 22. Oktober 2025, S. 35 (Annonce vum SES).