Ernierung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Ernierung oder Ernärung (lat.: nutrire, "nieren") ass d'Basis vum Liewe vun all Liewewiesen. Ënner Ernierung versteet een d'Opnam vun Narung, dorënner Liewensmëttel beim Mënsch, duerch Iessen/Friessen an Drénken.

D'Iessen an d'Drénke sinn also d'Haaptbasis fir d'Iwwerliewe vum Mënsch. Awer d'Ernierung huet iwwer dëst Bedierfnes eraus och nach eng sozial a reliéis Bedeitung. An déi richteg Ernierung dréit och zur Gesondheet vum Mënsch bäi.

Ernierungsformen[änneren | Quelltext änneren]

Zivilisatiounskrankheeten, déi duerch falsch Ernierung kënnen entstoen[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Bedeitung vun der Ernierung beim Entstoe vu verschiddene Krankheeten ass nach villes ongekläert. Datt si awer eng wichteg Roll dobäi spillt, gesäit een un der Tatsaach, datt d'Iwwerernierung eng staark erhéichte Krankheetsheefegkeet mat sech bréngt. Duerch falsch an ongesond Ernierung gëtt de Kierper sou wäit gestéiert, datt d'Konzentratioun vun z. B. dem Fett am Blutt zouhëlt. Dëst kann zu Schied an Oflagerungen an den Odere féieren. Ausserdeem kënnt et bei engem Iwwerschoss un Energie zu enger verstäerkter Ausscheedung vun Insulin. Insulin erhéicht ënner anerem d'Réckresorptioun vun Natrium an der Nier a ka sou zur Bluttdrocksteigerung bäidroen. Sou kann ee sech also gutt virstellen, wéi verschidde Krankheete wéi Arthrose, Diabeetes, Cholesterol, oder Blutthéichdrock entstoe kënnen. Natierlech spillen d'Genen an d'Verierwung och eng Roll.

Méi einfach nozevollzéien ass d'Roll, déi toxesch Inhaltsstoffer vu Liewensmëttel spillen, a wou duerch de Konsum vun dësen de Kierper Schued dovun dréit. E gutt Beispill dofir ass de Konsum vun Alkohol oder Zigaretten.

Zu de Krankheeten, déi duerch falsch Ernierung entstoe kënnen, zielen ënner anerem:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]