Erzéier

En Erzéier oder Educateur (m.) / Educatrice (w.) ass eng pedagogesch Fachkraaft, déi mat Kanner, Jugendlechen oder Erwuessene schafft fir se an hirer Entwécklung, Bildung a sozialer Kompetenz ze begleeden.
Erzéier zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Aarbechtsberäicher sinn ënner anerem d'Servicer an d'Instituter fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener mat spezielle Bedierfnesser, fir Senioren an Alters- a Fleegeheemer, fir Kanner a Crèchen, a Maison-relaisen, an Internater, fir periscolaire Fräizäitaktivitéiten. Et gëtt tëschent dem Educateur an dem Educateur gradué ënnerscheet.
D'Gesetz iwwert den differenzéierten Unterrecht vun 1973[1] bezitt sech speziell op Servicer an Instituter am Interessi vun der Rehabilitatioun an der Scolarisatioun vu Kanner a Jugendlecher mat geeschteger Behënnerung, Opfällegkeeten am Verhalen a sensoresche Stéierungen (Terminologie vun deemools). Parallel dozou entsteet och déi éischt Schoul fir d'erzéierescht Personal an deem Beräich: den Institut de formation pour éducateurs et moniteurs d'éducation différenciée, kuerz IFEM, mat Sëtz zu Walfer. De Moniteur d'éducation différenciée muss 5 erfollegräich Joer Lycéesstudien hunn an 2 Joer IFEM, den Educateur de Lycéesofschloss an och 2 Joer IFEM.
An de Joren dono kommen eng Partie nei Aarbechtsberäicher derbäi, wéi d'Kanner- a Jugendheemer, Crèchen an Internater, de Strofvollzuch fir Jugendlecher, Alters- a Fleegeheemer, Fräizäitaktivitéite fir Senioren asw. Dofir gëtt 1990 d'Ausbildung vum Betreiungspersonal[2] deementspriechend gesetzlech reforméiert: aus dem IFEM gëtt den Institut d'études éducatives et sociales, kuerz IEES, mat Sëtz zu Miersch. D'Moniteure ginn Educateuren, d'Educateure gi graduéiert Educateuren, jeeweils no de respektive Lycéesstudien an zousätzlechen 3 Joer Studien am IEES. D'Haaptfächer sinn, jee no Studiegang, méi oder manner verdéift, ë. a. Notioune vu Psychologie, Soziologie, Pedagogik, Sonnerpedagogik, ëffentlechem Recht, Methode vu gesellschaftlecher Inclusioun a Participatioun.
2003 gëtt de Studium fir den Educateur gradué an de Curriculum vun der Uni Lëtzebuerg integréiert mat engem Bachelor-Ofschloss a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften. Den neie Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) zu Miersch betreit d'Studente fir den Diplom vum Educateur. Dëse Lycée kritt säi gesetzleche Statut am Joer 2005[3]. Den IEES mécht seng Dieren am selwechte Joer zou.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Erzéier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 14 mars 1973 portant création d'instituts et de services d'éducation différenciée. legilux.public.lu (14.03.1973). Gekuckt de 25.10.2025.
- ↑ (fr) Loi du 6 août 1990 portant organisation des études éducatives et sociales. legilux.public.lu (06.08.1990). Gekuckt de 25.10.2025.
- ↑ (fr) Loi du 10 août 2005 portant création d'un Lycée technique pour professions éducatives et sociales. legilux.public.lu (10.08.2005). Gekuckt de 25.10.2025.