Es war einmal in Deutschland

Vu Wikipedia
Es war einmal in Deutschland
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Däitschland
Belsch
Produktiounsjoer 2017
Première 10. Februar 2017
Dauer 102 min
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Sam Garbarski
Dréibuch Michel Bergmann
Sam Garbarski
Fotografie Virginie Saint-Martin
Musek Renaud Garcia-Fons
Produzent Samsa Film
Entre Chien et Loup
IGC Films
Schauspiller
Moritz Bleibtreu
Antje Traue
Mark Ivanir
Pál Mácsai
Anatole Taubman
Tim Seyfi
Hans Löw
Vaclav Jakoubek
Jeanne Werner
Jeffrey Mittelmann
Christian Kmiotek
Tania Garbarski
André Jung
Fabienne Hollwege
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Es war einmal in Deutschland (engleschen Titel: Bye Bye Germany) ass e lëtzebuergesch-däitsch-belsche Film vum belsche Regisseur Sam Garbarski, no de Romaner Die Teilacher a Machloikes vum Michel Bergmann. En hat seng Première op der Berlinale 2017 an zu Lëtzebuerg um LuxFilmFest 2017.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Sechs Kolleegen, déi d'Shoah iwwerlieft hunn, hunn 1946 just ee Wonsch: aus Däitschland fort an Amerika ze kommen. Mä dofir brauch ee Suen, un déi et an deenen Zäiten net einfach ass, drunzekommen. No an no stellt sech eraus, datt engem vun hinnen, dem David, seng Vergaangenheet net sou kauscher ze si schéngt, wéi gemengt...

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film mat 60.000 Euro ënnerstëtzt fir d'Dréibuch vun Es war einmal in Deutschland ze entwéckelen.[1] Duerno koum nach eng weider finanziell Ënnerstëtzung an Héicht vun 1.800.000 Euro fir d'Produktioun vum Film dobäi.[2]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf beim belsche Filmpräis Magritte du cinéma 2014 an de Kategorië "Bescht Dréibuch" (Sam Garbarski), "Bescht Schauspillerin an enger Nieweroll" (Tania Garbarski) a "Bescht Zeenebild" (Véronique Sacrez) nominéiert, an huet an der Kategorie "Bescht Kostümer" (Nathalie Leborgne) gewonnen.

Um internationale Filmfestival vun Norwegen krut de Film de Präis fir de beschte Film.

Um US-amerikanesche RiverRun International Film Festival krut de Film de Publikumspräis.

Déi Deutsche Film- und Medienbewertung zu Wiesbaden huet dem Film de "Prädikat besonders wertvoll" ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 25 juin 2014
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions décembre 2014