Op den Inhalt sprangen

Escher Conservatoire

Vu Wikipedia
Escher Conservatoire
Südfassad.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht, Other Strooss
Koordinaten 05° 58’ ’’ E 49° 29’ ’’ N
Architekt(en) Paul Tafel
Statut Nationaalt Monument (INPA)
Datum vum Bau 1910/12
Proprietär Gemeng Esch-Uelzecht
Zweck Museksschoul
Säit laanscht d'Avenue des Terres-rouges.

Den Escher Conservatoire, offiziell: Conservatoire de musique de la Ville d'Esch, ass e Museksconservatoire zu Esch-Uelzecht. En ass an der Other Strooss, am fréieren Arbeds-Casino ënnerbruecht. Direkter ass zënter 2022 de Jean Halsdorf.

Fréiert Gebai an der Kierchestrooss

1926 gouf zu Esch an der Kierchestrooss eng éischt Museksschoul ageweit. 1969 gouf se offiziell an e “Conservatoire de musique” ëmbenannt. 1992 huet d'Escher Gemeng de fréieren Arbedscasino opkaaft, wuer, no Ëmbauaarbechten, de Conservatoire aus sengem ale Gebai an der Kierchestrooss, geplënnert ass.

D'Gebai, an deem de Conservatoire haut dran ass, war 1910-1912 vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG als Casino gebaut ginn (Architekt: Paul Tafel), wou Receptiounen ofgehale goufen, deen awer och als Restaurant, Keelebunn a Festsall benotzt gouf. Am selwechte Baustil goufen och Wunnenge fir Beamten an administrativ Gebaier niewendru gebaut.

1985 huet d'Arbed, an där hire Besëtz en 1919 iwwergaange war, de Casino zougemaach a verkaaft. Deen neie Proprietär wollt en ofrappen an eng Bensinnsstatioun dohi bauen, huet dat awer op Protester vun Denkmalschützer hi si gelooss. De Lëtzebuerger Staat huet d'Gebai opkaaft an ënner Denkmalschutz gestallt; et gouf den 28. November 1986 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[4]

1992 huet d'Escher Gemeng et ofkaaft fir do de Conservatoire dran z'installéieren.

Coursen, déi den Escher Conservatoire ubitt

[änneren | Quelltext änneren]
  • Solfège
  • Akustik
  • Geschicht vun der Musek
  • Museksanalys a Museksesthetik
  • Harmonie
  • Kontrapunkt
  • Fug
  • Kompositioun
  • Musekspedagogie
  • Chouerdirektioun
  • Orchesterdirektioun
  • Eveil vocal
  • Sologesank
  • Art lyrique
  • Gregorianesche Gesank
  • Jazz
  • Danz
  • Diktioun
  • Kummermusek
  • Orchestermusek
  • Chouermusek

An der Museksschoul gëtt et verschidden Ensembelen, wéi d'Brass Band, den Harmoneschen Orchester, de Symphoneschen Orchester, en Orchestre de chambre, en Ensemble vocal an d'Chorale des jeunes.

 Commons: Conservatoire de musique Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Joseph Flies, Das Andere Esch. Luxemburg, 1979, S.644.
  2. "Marc Treinen is neuer Direktor." tageblatt.lu, 08. Juli 2011 09:43; Akt: 08.07.2011 17:24
  3. Christiane Wagner: "Escher 'Convervatoire': So hat Marc Treinen den letzten Tag als Direktor erlebt." tageblatt.lu, 30. September 2022.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).