Escher Spidol

Vu Wikipedia
Den alen Deel vum Escher Spidol mat der Helikopterlandeplaz virdrun (2015)

D'Escher Spidol ass e Spidol zu Esch-Uelzecht, am Quartier Dellhéicht, dat zënter 2004 zur Spidolgrupp Centre hospitalier Émile-Mayrisch gehéiert, zu deem och d'Diddelenger Spidol an d'Spidol zu Nidderkuer (fréier Hôpital Princesse Marie-Astrid) gehéieren.

Topographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebaier vum Spidol stinn op engem Terrain, dee vun der rue Emile Mayrisch, der rue Dellhéicht, der rue de l'Hôpital an der rue Jean-Pierre Michels agegrenzt gëtt.

Den Haaptagank mat der Receptioun ass an der rue Emile Mayrisch, et gëtt nach Niewenagäng an der rue de l'Hôpital an an der rue Dellhéicht (am alen Deel, wou fréier den Haaptagank war).

Nërdlech steet direkt nieft dem Spidol e Parkhaus mat Agank an der rue Emile Mayrisch. Virum alen Deel op der Südsäit ass eng Helikopterlandeplaz. Beim nordwestlechen Deel vum Gebai, um Eck vun der rue de l'Hôpital an der rue Jean-Pierre Michels ass e klenge Park ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Diskussioun ëm de Bau vun engem Spidol zu Esch huet sech iwwer 25 Joer higezunn. Am Zentrum vum Konflikt stoungen am Ufank d'Bedenke vun engem Deel vun den Escher Dokteren, déi vun de Schmelzen an deenen hire Spideeler agestallt waren, an déi eng Konkurrenz gefaart hunn. Wéi déi Fro bis gekläert war, goung et nach e puer Joer hin an hier, no wat fir engem architektoneschen a medezinesche Konzept gebaut sollt ginn.[1]

D'Spidol ass duerch eng Konventioun entstanen, déi den 11. Abrëll 1924 vun der Gemeng Esch-Uelzecht, der Arbed an der Société métallurgique des Terres-rouges ënnerschriwwe gi war. 1925 hunn d'Bauaarbechten ugefaangen, an de 15. Mäerz 1930 konnt et offiziell ageweit ginn. Et huet domat d'Nofolleg vum fréiere Metze Spidol ugetrueden. D'Schwëstere vun der Congrégation de Ste-Elisabeth waren ufanks mat der Gestioun vum Spidol chargéiert.

Den 21. Abrëll 1955 gouf d'Spidol als en établissement d'utilité publique deklaréiert.

D'Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Am Laf vun der Zäit koume lénks a riets vum Haaptgebai nei Fligele bäi.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Baugeschicht:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Escher Spidol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lorang 2022 a Maas 2022 an der Literatur.