Europäesche Wirtschaftsraum

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Espace Économique Européen)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Accord iwwer den Espace Économique Européen (EEE, och Europäesche Wirtschaftsraum - EWR) ass en Ofkommes tëscht der Europäescher Unioun an der Europäescher Fräihandelszon (EFTA oder AELE op Franséisch) an ass zanter dem 1. Januar 1994 a Kraaft.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft den EU-Länner hunn dräi vun de véier EFTA-Länner den Accord ënnerschriwwen: Norwegen, Island a Liechtenstein. D'Schwäizer hu sech an engem Referendum nodréiglech géint den EEE decidéiert, soudatt den Traité net ratifizéiert konnt ginn. D'Schwäiz huet doropshin an de Joren duerno iwwer 100 bilateral sektoriell Accorde mat der EU ofgeschloss, fir deelweis Zougank zum Bannemaart ze hunn.

D'Ofkommes[änneren | Quelltext änneren]

Den Espace Économique Européen ass a senger haiteger Form en eenzegaartege Accord, weder ass et e richtege Marché ouni Grenzen, nach eng Zollunioun.

Zentral bei deem Ofkommes ass, datt déi véier Fräiheete vum europäesche Bannemaart, d'fräi Zirkulatioun vun de Wueren, Servicer, dem Kapital an de Persounen am gesamten europäesche Wirtschaftsraum, dat heescht och an Norwegen, Island a Liechtenstein gëllen. Den Accord schléisst och d'Beräicher Konkurrenz- a Sozialpolitik, Konsumenteschutz, Ëmwelt- a Kulturpolitik, Educatioun, Recherche an Entwécklung mat an. Vum Ofkommes ausgeholl sinn d'Landwirtschaft an d'Fëscherei souwéi déi gemeinsam wirtschaftlech Aussepolitik.

Den EWR-Accord ass "dynamesch", dat heescht, déi dräi EFTA-Länner hu sech verpflicht, nei gesetzlech Reegelen, déi fir den EU-Bannemaart gëllen, och bei sech z'iwwerhuelen. D'Tatsaach datt d'Net-EU-Länner keen Afloss op nei Europäesch Gesetzer hunn, féiert an deene betraffene Länner alt zu Kontroversen a Kritik. Norwegen, Island a Liechtenstein hunn eng ronn 80% vun der Législatioun vun dem EU-Bannemaart an national Gesetzer ëmgesat. Anerersäits hu se d'Méiglechkeet, eng Demande ze maachen; EU Member ze ginn, da kéinte s'och mat décidéieren. Ma och dëst steet zu Diskussioun an Island, an Norwegen huet zweemol an engem Referendum dogéint gestëmmt, EU Member wëllen ze ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]