Op den Inhalt sprangen

Estnesch Kroun

Vu Wikipedia
Estnesch Kroun
Typ fréier Wärung
Land Estland
ISO-Code EEK
Agefouert 1. Januar 1928, 20. Juni 1992
Ofgeschaaft 1940, 1. Januar 2011
ersetzt Estnesch Mark, Sowjetesche Rubel
ersat mat Euro

D'Estnesch Kroun (EEK) war vum 1. Januar 1928 bis den 31. Dezember 2010 (ausser tëscht 1940 an 1992) déi offiziell Wärung vun Estland. Si gouf den 1. Januar 2011 mam Euro ersat, nodeems Estland der Eurozon bäigetruede war.

1 Kroun war an 100 Senti ënnerdeelt.

1928 bis 1940

[änneren | Quelltext änneren]

D'Estnesch Kroun gouf den 1. Januar 1928 offiziell agefouert. Virum 1. Januar 1928 hat Estland d'Estnesch Mark als Wärung. Nodeems Estland am Abrëll 1940 un d'Sowjetunioun ugegliddert gouf, gouf d'Estnesch Kroun mam Rubel ersat.

1992 bis 2010

[änneren | Quelltext änneren]

No der Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun gouf den 1. Januar 1992 d'Estnesch Kroun erëm agefouert.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 15,6466 EEK fixéiert.

Nennwäert Bild Recto Verso Erausginn
1 Kroon 1 Kroun Recto 1 Kroun Verso de Kristjan Raud (Moler, Graphiker) d'Toompea loss (Buerg um Doumbierg) zu Tallinn 1992
2 Krooni 2 Krounen Recto 2 Krounen Verso de Karl Ernst vu Baer (Anthropolog, Naturfuerscher, Geograph) Universitéit vu Tartu 1992, 2006, 2007
5 Krooni 5 Krounen Recto 5 Krounen Verso de Paul Keres (Schachspiller) d'Hermannsfestung vun Narva (Gebuertsuert vum Keres), Floss Narva an d'Festung vun Iwangorod (Russland) 1991, 1992, 1994
10 Krooni 10 Krounen Recto 10 Krounen Verso de Jakob Hurt (Folklorist, Theolog, Sproochwëssenschaftler) d'Tamme-Lauri-Eech am südestneschen Urvaste 1991, 1992, 1994, 2006, 2007
25 Krooni 25 Krounen (2007) Recto 25 Krounen (2007) Verso den Anton Hansen Tammsaare (Schrëftsteller) d'Vargamäe (aus dem Wierk Tõde ja õigus vum Anton Hansen Tammsaare) 1991, 1992, 2002, 2007
50 Krooni 50 Krounen Recto 50 Krounen Verso de Rudolf Tobias (Komponist) d'Estonia-Theater (Nationaloper a Concertshaus) 1994
100 Krooni 100 Krounen Recto 100 Krounen Verso d'Lydia Koidula (Dichterin) d'nordestnesch Steelküst 1991, 1992, 1994, nei Sécherheetscharakteristik: 1999, 2007
500 Krooni 500 Krounen Recto 500 Krounen Verso de Carl Robert Jakobson (Publizist, Schrëftsteller, Pedagog) d'Rauchschwalbe (estneschen Nationalvull) iwwer der estneschen Landschaft 1991, 1994, 1996, nei Sécherheetscharakteristik: 2000, 2007
 Commons: Estnesch Kroun – Biller, Videoen oder Audiodateien