Estnesch Sozialistesch Sowjetrepublik
| Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Eesti Nõukogude Sotsialistlik Vabariik Эстонская Советская Социалистическая Республика Estnesch Sozialistesch Sowjetrepublik | |||||
| |||||
| National Devise: Пролета́рии всех стран, соединя́йтесь! Proletarii wsech stran, sojedinjajtes! Proletarier vun alle Länner, vereenegt iech! | |||||
| Offiziell Sprooch: | Estnesch Russesch | ||||
| Haaptstad: | Tallinn | ||||
| Staatsform: | Sozialistesch Räterepublik | ||||
| Fläch: | 45.226 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 1.565.662 (1991) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 31,6/km² | ||||
| Nationalhymn: | Hymn vun der Estnescher SSR | ||||
| Wärung: | Sowjetesche Rubel (SUR) | ||||
| Zäitzon: | UTC +3 | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+7 | ||||
D'Estnesch Sozialistesch Sowjetrepublik (kuerz ESSR, respektiv op Estnesch Eesti Nõukogude Sotsialistlik Vabariik) war eng Uniounsrepublik vun der Sowjetunioun an Osteuropa, déi vum 6. August 1940 bis den 20. August 1991 bestanen huet.
Den 8. Mee 1990 krut se vun der Sowjetunioun den Numm Republik Estland.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]
Haaptartikel zu dësem Theema: Geschicht vun Estland
Am Juni 1940 gouf Estland no engem Ultimatum, am Kontext vum Molotow-Ribbentrop-Pakt, vun der Sowjetunioun besat. Eng prosowjetesch Regierung gouf installéiert, an am August 1940 gouf Estland offiziell vun der Sowjetunioun annektéiert.
Wärend dem Zweete Weltkrich gouf Estland 1941 vun Nazi-Däitschland besat. 1944 huet d'Rout Arméi d'Kontroll nees iwwerholl, an d'estnesch SSR gouf nees hiergestallt.
An de Joerzéngten duerno gouf d'Land staark sowjetiséiert mat ë. a. der Industrialiséierung an der Kollektiviséierung vun der Landwirtschaft souwéi mat der Massendeportatiounen a mat Repressiounen.
Trotz der „Russifikatioun“ duerch d'Immigratioun aus anere Sowjetrepublicken, hat d'estnesch SSR weiderhin eng national Identitéit.
An de spéiden 1980er Joren, ënnert de Reforme vum Michail Gorbatschow, huet sech d'Onofhängegkeetsbeweegung „Revolutioun déi séngt“ entwéckelt. 1990 huet Estland seng Souveränitéit deklaréiert, déi den 20. August 1991 vun der Sowjetunioun bestätegt gouf.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]
Haaptartikel zu dësem Theema: Geographie vun Estland
D'ESSR hat déi selwecht Fläch wéi Estland haut.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Estnesch Sozialistesch Sowjetrepublik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
