Alkione (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Eta Tauri)
An der Mëtt vum Bild ass de Stär Alkione

Den Alkione ass den hellste Stär am Stärekoup Plejaden. Säin Numm bezitt hie vun der Plejade Alkione, déi an der griichescher Mythologie duerch de Poseidon d'Mamm vun der Aithusa war. Den Numm (arab.) bedeit "D'Kinnigin, déi dem béise Stuerm de Kapp bitt".

D'wëssenschaftlech Bezeechnung ass Eta Tauri (η Tauri). Den Alkione ass e Stär vun der Spektralklass B7 a mat der Liichtkraaftklass III. Hien ass zirka 410 Liichtjoer ewech an huet eng visuell Magnitude vu +2,87 mag. Seng absolut Hellegkeet ass -2,50 mag. Den Alkione huet eng Uewerflächentemperatur vun zirka 25.600 Kelvin an eng blo Faarf. Seng Liichtkraaft iwwertrompt déi vun eiser Sonn ëm dat 1.400 facht. Aus Berechnungen huet sech erginn, datt den Alkione den 3,4 fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn huet. (Sonn = 1.392.000 Kilometer).

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie