Etihad Airways
Ausgesinn
| Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Etihad Airways | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Typ | Private Joint Stock Company |
| Grënnungsdatum | 2003 |
| Sëtz | Abu Dhabi |
| Homepage | https://www.etihad.com/ |
|
| |
Etihad Airways (arabesch الاتحاد; Transkriptioun al-Ittiḥād (Unioun), IATA-Code: EY, ICAO-Code: ETD) ass eng vun den zwou nationale Fluchgesellschafte vun de Vereenegten Arabeschen Emirater (déi aner ass Emirates). Se huet hire Sëtz zu Abu Dhabi an hir Basis do um Zayed International Airport. Etihad ass Member vun der Arab Air Carriers Organization. D'Gesellschaft ass ganz am Besëtz vum Emirat Abu Dhabi.
Destinatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Vun hirer Basis aus flitt Etihad op Destinatiounen an Europa, Asien, Afrika, Australien an Nord- a Südamerika. Am Januar 2026 gouf bekannt gemaach, datt se vun Enn Oktober vun deem Joer un och dräimol d'Woch en Direktfluch vun Abu Dhabi op Lëtzebuerg um Fluchplang hätt[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Etihad Airways – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) Vun Enn Oktober un: Nei Direkt-Flich vu Lëtzebuerg an Abu Dhabi. 100komma7.lu/ (09.01.2026). Gekuckt den 10.01.2026.
