Eugène Heynen
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat Manager an der Stolindustrie Eugène Heynen. Fir den Theaterregisseur, kuckt wgl. Eugène Heinen. |
| Eugène Heynen | |
|---|---|
| Gebuer |
11. Mee 1870 Wolz |
| Gestuerwen |
30. Oktober 1923 Esch-Uelzecht |
| Alter | 53 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Ingenieur |
|
| |
Den Eugène Heynen, gebuer den 11. Mee 1870 zu Wolz[1], a gestuerwen den 30. Oktober 1923 zu Esch-Uelzecht[2], war e lëtzebuergeschen Ingenieur.
Hien huet 1896 op der Technische Hochschule Charlottenburg en Diplom als Hütteningenieur gemaach. No engem Stage op der Dummeldenger Schmelz, dat selwecht Joer, huet hie vun 1897 bis 1899 den Direkter Jos. Faber op der Friedenshütte vertrueden. Dono war hie bis 1903 Héichuewenassistent op der Déifferdenger Schmelz, a vun 1903 bis 1911 Héichuewendirekter op der Burbacher Schmelz. 1911 gouf hien zum Direkter vun der Burbacher Schmelz ernannt.[1]
1919 krut hien eng Ustellung bei der Arbed als Direkter vun der Arbed Schëffleng.[1]
Hien ass mat 53 Joer gestuerwen.
Zu Schëffleng gouf, fir un hien z'erënneren, eng Strooss no him genannt (L-3842)[3].
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 Heynen Eugène, Ingénieur. industrie.lu (nogekuckt: 11.12.2025).
- ↑ Avis Mort. 3 Page 3. In: Luxemburger Wort, 1923. Jg., nº 304 (31.10.1923), p. 3 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Rue Eugéne Heynen op geoportail.lu.
