Europäesch Allianz fir Fräiheet

Vu Wikipedia
Logo
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 2010
Opléisungssdatum: onkloer
Parteizentral: Birkirkara
Malta[1]
Ausriichtung: Souveränismus
Rietspopulismus
Euroskeptizismus
Nationalismus
Fraktioun Europa vun den Natiounen an der Fräiheet
Faarf: Blo
Websäit: www.eurallfree.org

D'Europäesch Allianz fir Fräiheet (EAF; en.: European Alliance for Freedom; fr.: Alliance européenne pour la liberté; de.: Europäische Allianz für Freiheit) war eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Hir Membere goufen als rietskonservativ, rietspopulistesch an deelweis rietsextrem agestuuft. Haaptgemeinsamkeet vun de Membere war hiren Euroskeptizismus.

Zu hire beschten Zäiten hunn ënner anerem follgend national Parteien zur EAF gehéiert: Vlaams Belang (Belsch), Front National (Frankräich), Partei fir Fräiheet (Holland), Schweedesch Demokraten, Freiheitliche Partei Österreichs (FPÖ), Lega Nord (Italien), UKIP, etc.

D'Presidentin vum Front National (FN), d'Marine Le Pen, gouf 2012 an d'Partei opgeholl. Well et der Partei bei den Europawalen 2014 net gelongen ass, d'Critèren z'erfëlle fir kënnen eng eege Fraktioun ze bilden (25 Deputéiert aus siwe Länner), hunn den FN, d'FPÖ an d'Lega Nord eng aner Partei gegrënnt, d'Beweegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten, déi d'EAF ofgeléist huet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Europaparlament: Grants from the European Parliament to political parties at European level 2004-2012