Op den Inhalt sprangen

Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter

Vu Wikipedia
Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter
Land Frankräich
Verwaltungssëtz Stroossbuerg
Ënnersteet der/dem Europarot
Gegrënnt 20. Abrëll 1959
Um Spaweck https://www.echr.coe.int

Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (fr. Cour européenne des droits de l'homme CEDH, CrEDH oder CourEDH) ass en internationale Geriichtshaff, deen 1959 vum Europarot gegrënnt gouf. D'Zil ass d'Anhale vun de Verflichtungen ze garantéieren, déi d'Ënnerschrëftstaaten vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun agaange sinn.

D'Kompetenz vum Geriichtshaff ëmfaasst all d'Froen, déi d'Interpretatioun an d'Uwende vun der Konventioun an hiren zousätzleche Protokoller betreffen. De Geriichtshaff kann duerch eng Ufro vun engem Staat oder „vun all natierlecher Persoun, all Netregierungsorganisatioun oder all Grupp vu Privatpersounen, déi sech als Affer vun enger Verletzung“ vun hire Rechter oder Fräiheete gesinn, déi duerch d'Konventioun garantéiert sinn, ugeruff ginn.

Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter schafft permanent a sëtzt zënter dem 1. November 1998 zu Stroossbuerg an engem Gebai, dat vum italieenesch-britteschen Architekt Richard Rogers entworf gouf.

 Commons: Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter – Biller, Videoen oder Audiodateien