Europäesche Kéisécker

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Europäesche Kéisécker
Europäesche Kéisécker
Europäesche Kéisécker
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Iwweruerdnung: Laurasiatheria
Uerdnung: Insektefrësser
Famill: Kéisécker
Ënnerfamill: Stachelkéisécker
Gattung: Kéisécker mat kléngen Oueren
Aart: Europäesche Kéisécker
Wëssenschaftlechen Numm
Erinaceus europaeus
Linnaeus, 1857


Den europäesche Kéisécker (Erinaceus europaeus Linnaeus) och nach europäeschen Igel oder europäeschen Däreldéier genannt, ass e Mamendéier aus der Famill vun de Kéisécker an der Uerdnung vun den Insektefrësser.

Kierperbau[änneren | Quelltext änneren]

E Kéisécker ass kleng a stacheleg.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Kéisécker sinn Nuetsdéieren. Hire Geroch - a Gehéiersënn si ganz staark entwéckelt, hir Aen am Géigendeel awer bal net. Si kënne séier lafen, a kënne souguer klammen a schwammen. Déi gréisst Zäit vun hirem Liewe verbrénge si fir Fudder ze sichen. Am léifste friesse si Wierm, Schleeken an Insekten, mä si friessen awer och nach Fräschen, Mais, Vulleneeër, Pilzer an Uebst, jee nodeem wat si grad fannen. An de kale Regiounen hält de Kéisécker ëmmer e Wanterschlof vu véier bis fënnef Méint. Eng vun de gréisste Gefore fir de Kéisécker ass bei eis de Stroosseverkéier. Wann e Kéisécker eng Gefor spiert, verkrécht e sech ënner de Schutz vun senge Stachelen. Géint en Auto hëlleft dee Schutz awer näischt. Dofir gesäit een an de Méint Abrëll bis Oktober ëmmer erëm doudeg Kéisécker op der Strooss.

Europäesche Kéisécker

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

Den europäesche Kéisécker lieft a ganz Europa an an Asien bis China.

Fortplanzung[änneren | Quelltext änneren]

Kéisécker si vun Abrëll bis September fruchtbar. D'Geschlechtsdrüse vun de Männercher schwellen am Fréijoer un. Si gi méi grouss wéi bei all deenen anere Mamendéieren. Virun der Paarung muss dat männlecht Déier stonnelaang d'Weibchen ëmgaachelen a leeft déi ganzen Zäit ronderëm et. De Kéisécker dréit ongeféier 5 Wochen an déi meescht Jonk kommen am Juni oder Juli op d'Welt. Verschidde Weibercher kënnen och zweemol am Joer Jonker kréien, dann allerdéngs ass deen éischte Worf schonn am Mee an deen zweeten am September oder Oktober. E Worf huet fënnef bis siwe Jonker. Déi Jonk si bei der Gebuert blann an hu ganz mëll Hoer. D'Stachele sinn allerdéngs schonn ënner der Haut, mä et gesäit ee se awer nach net. No zwou Woche maache si d'Aen op. Si gi sechs bis aacht Woche geniert, kënnen awer scho méi fréi lafen. Mat zwéi Méint fänke si un hir Nahrung selwer sichen ze goen.

Jonke Kéisécker

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Erinaceus europaeus – Biller, Videoen oder Audiodateien