Op den Inhalt sprangen

Europäeschen Dag vun de Sproochen

Vu Wikipedia
Logo vum Europäeschen Dag vun de Sproochen

Den Europäeschen Dag vun de Sprooche geet op eng Initiativ vum Europarot zeréck. D'Zil vun dësem järlechen Aktiounsdag deen de 26. September ass, ass fir zur Valoriséierung vun alle Sproochen a Kulture bäizedroen, d'Bewosstsi vun de Virdeeler vu Sproochkompetenzen ze stäerken, déi individuell Méisproochegkeet ze fërderen an d'Leit an Europa ze motivéieren, Sprooche wärend hirem ganze Liewen ze léieren. Dobäi soll dat räicht Ierwe vun den 200 europäesche Sprooche bäibehale ginn.

Historeschen Hannergrond

[änneren | Quelltext änneren]

Den Aktiounsdag ass fir d'éischt Kéier am Joer 2001, dem Europäesche Joer vun de Sproochen, organiséiert ginn; e war am Summer 2000 decidéiert ginn, ouni datt e prezisen Datum festgeluecht gouf. Nom Erfolleg, gouf de 6. Dezember 2001 decidéiert, vun 2002 un all Joer en "Europäeschen Dag vun de Sproochen" ze feieren, an esou d'Méisproochegkeet weiderhin ze fërderen. Den Dag gëtt zënterhier all Joer de 26. September gefeiert. Am Kader vum Aktiounsdag ënnerstëtzt den Europarot zesumme mat der Europäescher Unioun Initiativen, Aktiounen a Manifestatiounen am Zesummenhang mam Léiere vu Sproochen. A ronn 45 Länner ginn deen Dag spezifesch Aktiounen organiséiert, déi vum Europäeschen Zentrum fir Friemsproochen (ECML/CELV) vum Europarot zu Graz koordinéiert a mat lokale Partnerorganisatiounen an den eenzele Länner duerchgefouert ginn.

Den éischten „Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch“ ass um „Europäeschen Dag vun de Sproochen“, de 26. September 2025, organiséiert ginn[1][2].

Sproochen an Europa

[änneren | Quelltext änneren]

Bannent der Europäescher Unioun

[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun.

Baussent der Europäescher Unioun

[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Sproochen (exklusiv) baussent der Europäescher Unioun:

 Commons: Europäeschen Dag vun de Sproochen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (lb) Een "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch" soll agefouert ginn. https://www.100komma7.lu. Gekuckt den 20.08.2025.
  2. (fr) 🇱🇺 📢 Dëst Joer feiere mir fir d'éischte Kéier den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch! | Ministère de la Culture Luxembourg. fr.linkedin.com. Gekuckt den 20.08.2025.