Europäeschen Hamster
| Europäeschen Hamster Feldhamster | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Cricetus cricetus Leske, 1779 | |||||||||||||||
Den Europäeschen Hamster (Cricetus cricetus), och alt Feldhamster genannt, ass e Knabberdéier (Rodentia) aus der Famill vun de Cricetidae an der Ënnerfamill vun den Hamsteren (Cricetinae).
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Den Europäeschen Hamster gëtt vu Kapp bis Hënner tëscht 20 a 34 Zantimeter laang, wou dann nach e 4 bis 6 Zantimeter laangen, bal plakege Schwanz derbäikënnt. Erwuessen Déiere ginn 200 bis 650 Gramm schwéier, woubäi d'Béck meeschtens méi grouss a méi schwéier si wéi d'Meedercher. D'Faarf vum Pelz variéiert tëscht enger gielbronger ieweschter an enger donkler, bal schwaarzer ënneschter Säit. Laanscht d'Säit an op de Bake si wäiss Flecken. Wéi all Hamsteraarten huet och den Europäeschen Hamster Bakentäschen, mat deenen en am Ganze bis zu 5 kg Reserve fir de Wanter a säi Bau transportéiere kann. D'Patte si breet an hu Krallen.
Liewensweis
[änneren | Quelltext änneren]Den Europäeschen Hamster lieft op an ënner dem Buedem, En ass haaptsächlech an der Schummerecht an an der Nuecht aktiv, an ass en territorialen Eenzelgänger. Déi erwuessen Déiere gruewe sech 0,5 bis 2 m déif Hiele mat méi Gäng a Kummeren, an déi se sech zeréckzéien, fir ze schlofen an hiert Fudder fir de Wanter lageren. Se halen e Wanterschlof, aus deem se geleeëntlech erwäche fir ze friessen. Se friesse souwuel Planze- wéi Déierekascht.
Reproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]
Den Europäeschen Hamster ass polygam. No 17 Deeg kommen déi Jonk - ëm déi 4 - op d'Welt. D'Reproduktiounsperiod ass tëscht Mee an August. Am leschte Joerhonnert ass souwuel d'Zuel vun de Jonke pro Worf wéi och déi vun de Wërf zeréckgaangen, sou dass d'Zuel vun den Europäeschen Hamsteren am Ganze staark ofgeholl huet.
Verbreedung an Habitat
[änneren | Quelltext änneren]Europäesch Hamstere gëtt et vun der Belsch iwwer Mëttel- an Osteuropa bis an déi russesch Altairegioun an an d'nordwestlecht China.
Zanter den 1980er Jore geet hir Zuel am westleche Verbreedunggebitt staark zeréck. Am Juli 2020 huet d'IUCN den Europäeschen Hamster als critically endangered aklasséiert.[1] En ass dofir an Europa geschützt (Annex IV, a) vum Artikel 12 vun der Fauna-Flora-Habitat-Direktiv 92/43/CEE, an och duerch d'Berner Konventioun (Annex II)).
D'Ursaache vum Réckgang sinn d'intensiv Landwirtschaft (Grouss Kärefelder, déi op ee Siess rekoltéiert ginn, sou dass Friessen an Deckung op een Zock fort sinn; Monokulturen, déi keng differenzéiert Diät méi erméiglechen, an d'Zersidelung an d'Zerstéierung vun de Liewensraim.
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Holger Meinig, Axel Buschmann, Tobias Erik Reiners, Melanie Neukirchen, Sandra Balzer, Ruth Petermann: Der Status des Feldhamsters (Cricetus cricetus) in Deutschland. In: Natur und Landschaft. Band 89, Heft 8, 2014, S. 338–343.
- Ute Köhler, Christian Geske, Kerstin Mammen, Stefanie Martens, Tobias Erik Reiners, Ralf Schreiber, Ulrich Weinhold: Maßnahmen zum Schutz des Feldhamsters (Cricetus cricetus) in Deutschland. In: Natur und Landschaft. Band 89, Heft 8, 2014, S. 344–349.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Europäeschen Hamster – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ A. Banaszek, P. Bogomolov, N. Feoktistova, M. La Haye, S. Monecke, T. E. Reiners, M. Rusin, A. Surov, U. Weinhold, J. Ziomek: "Cricetus cricetus". In: The IUCN Red List of Threatened Species 2020.
- ↑ Presence of the European Hamster (Cricetus cricetus) - Couche 'Hamster européen' op data.public.lu. Source: MNHN Luxemburg.
- ↑ Äntwert vun der Ministesch Martine Hansen op d'Parlamentaresch Fro QP 1194/2024 vum André Bauler a Luc Emering.
