Op den Inhalt sprangen

Europa (Kontinent)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kontinent Europa. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Europa.
Europa (Kontinent)
Satellitebild vun Europa
Geographie
Geographesch Lag Nordhallefkugel
Besteet aus Nordeuropa, Nordosteuropa, Südeuropa, Südosteuropa, Osteuropa, Westeuropa, Mëtteleuropa, Südwesteuropa, Nordwesteuropa, Vereenegt Kinnekräich
Länner 50
Fläch 10.186.000 km²
Héchste Punkt Elbrus (5.642 m)
Déifste Punkt Kaspescht Mier (-28 m)
Demographie
Awunner 744.094.971 (2025)
Bevëlkerungsdicht 34/km²[1]
Bevëlkerungsräichst Regioun Istanbul
Aner Informatiounen
Entdeckt 200000 Joer v. Chr.
Genannt no Europa
Zäitzon Europa/London
Europa, ëm 814
Europa, ëm 1097

Europa ass mat enger Fläch vun 10,19 Millioune Quadratkilometer (6,8 % vun der Landfläch vun der Äerd) hannert Australien den zweetklengste Kontinent op der Äerd. E steet awer mat geschate 744.094.971 Awunner (Stand 2025)[2][3] op der drëtter Plaz wat d'Populatioun pro Kontinent ugeet.

Europa läit op der westlechster Hallefinsel vun Eurasien.

Dem Kontinent seng Ausdeenung vum Norden an de Süden ass ongeféier 3.800 km laang; vum Ural am Oste bis op d'portugisesch Atlantikküst am Weste sinn et ongeféier 6.000 km.

Am Osten huet de Kontinent keng kloer geographesch oder geologesch Grenz mat Asien. Dowéinst sinn d'„Grenze vun Europa“ eng Fro vun engem sozialen Arrangement. Hautdesdaags gëllt d'Grenz tëscht Europa an Asie gréisstendeels esou wéi de schweedesche Kartograph Philip Johan von Strahlenberg (1677 - 1747) se 1730 festgeluecht hat. No senger Definitioun bilden den Ural (Biergketten) an de Floss mam selwechten Numm d'ëstlech Grenz vun Europa. Tëscht dem Kaspeschen an dem Schwaarze Mier leeft d'Grenzlinn duerch de Manytschbaseng nërdlech vum Kaukasus, well op deem Punkt fréier eng Mieresstrooss d'Kaspescht Mier mam Schwaarze Mier verbonnen huet. Alternativ gëtt d'Grenz och alt laanscht den Haaptkamp vum Kaukasus gezunn; dës Grenzlinn gëtt haaptsächlech an den a englesch- a franséischsproochege Länner privilegiéiert.

Extremitéite vum europäesche Festland

[änneren | Quelltext änneren]

"Top 10" vun de längste Flëss an Europa (wa se op d'mannst deelweis zum europäesche Kontinent gezielt kënne ginn):

Floss Längt

(km)

Mëndung Anzuchsgebitt

(km²)

Debit

(m³/s)

Wolga 3.530 Kaspescht Mier 1.360.000 8.064
Donau 2.811 Schwaarzt Mier 795.686 6.700
Ural 2.428 Kaspescht Mier 244.280 297
Dnepr 2.285 Schwaarzt Mier 531.817 1.670
Don 1.870 Mier vun Asow 425.600 935
Petschora 1.802 Mier vu Petschora 322.000 4.379
Dnister 1.352 Schwaarzt Mier 72.100 310
Rhäin 1.233 Nordmier 185.000 2.300
Elbe 1.094 Nordmier 148.268 870
Weichsel 1047 Baltescht Mier 194.424 1.080

Well d'Grenz am Kaukasus net kloer definéiert ass, ass et och ëmstridden zu wat fir engem Kontinent d'Bierger gezielt ginn. Aus deem Grond gëtt et hei drënner zwou Variante vun den "Top 3".

Europa oder Asien?

[änneren | Quelltext änneren]
Bierg Héicht Biergketten Staat Bemierkungen
Elbrus 5.642 m Kaukasus Russland

(Eurasien)

Ëmstridden, ob de Bierg zu Europa oder zu Asien gehéiert.
Dychtau 5.204 m Kaukasus Russland Ëmstridden, ob de Bierg zu Europa oder zu Asien gehéiert.
Schchara 5.202 m Kaukasus Georgien,

Russland

Georgesch-russesche Grenz. Ëmstridden, ob de Bierg zu Europa oder zu Asien gehéiert.
Bierg Héicht Biergketten Staat Bemierkungen
Mont Blanc 4.805 m Savoyer Alpen, Alpen Frankräich,

Italien

Dufourspëtzt 4.634 m Walliser Alpen, Alpen CHE Schwäiz D'Grenz mat Italien läit ongeféier 160 m. vun der Biergspëtz ewech.
Zumsteinspëtzt 4.563 m Walliser Alpen, Alpen CHE Schwäiz,

Italien

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Sproochen an Europa

Iwwer 90 Prozent vun der europäescher Bevëlkerung schwätzen indoeuropäesch Sproochen. Am meeschte verbreet si slawesch, germanesch a romanesch Sproochen. Och Griichesch, Albanesch, déi baltesch a keltesch Sproochen, gradewéi Romani gëllen och als indoeuropäesch Sproochen.

Wann een d'Zuel vun de Mammesproochler kuckt, gëtt am meeschte Russesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Italieenesch, Spuenesch, Ukrainesch, Polnesch, Rumänesch an Hollännesch geschwat.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Geographesch Opdeelung

[änneren | Quelltext änneren]

De Vereenten Natiounen no ass Europa a véier Regiounen opgedeelt[4]:

Deels fënnt een och nach Ënnerdeelungen:

  • Nordeuropa, Nordosteuropa, Nordwesteuropa,
  • Osteuropa,
  • Südeuropa, Südosteuropa, Südwesteuropa,
  • Westeuropa,
  • Mëtteleuropa.

Jee nodeem wéi d'Grenz tëscht Europa an Asie gezu gëtt, ginn et aktuell 46 bis 49 souverän Staaten, déi ganz oder deelweis an Europa leien; d'Zougehéieregkeet vu Georgien an Aserbaidjan, souwéi d'Onofhängegkeet vum Kosovo, sinn net kloer.

Hei drënner stinn deemno fir den europäesche Kontinent:

  • 47 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen (VN) (woubäi net kloer ass, ob Georgien an den Aserbaidjan zu Europa zielen oder net)
  • 1 net-Member: d'Vatikanstad, déi awer de Statut vun engem Observateur vun de VN (United Nations General Assembly observer) huet,
  • 2 Länner (Kosovo, Transnistrien) deenen hir Eegenschaft als Staat ëmstridden ass.
Lëscht vun de Staaten an Europa (Stand: Juli 2025)
Nr Staat oder Territoire EU Offizielle Staatsnumm Regioun[4] Haaptstad Fläch [km²][5] Awunner[6] Bemierkung
1 Albanien Republik Albanien Südeuropa Tirana 28.748 2.791.765
2 Andorra Fürstentum Andorra Südeuropa Andorra la Vella 468 81.938
3 Aserbaidjan Republik Aserbaidjan Baku 86.600 10.336.577 just e klengen Deel an Europa; läit gréisstendeels an Asien
4 Belsch Kinnekräich Belsch Westeuropa Bréissel 30.528 11.738.763
5 Bosnien an Herzegowina Bosnien an Herzegowina Südeuropa Sarajevo 51.197 3.164.253
6 Bulgarien Republik Bulgarien Osteuropa Sofia 110.879 6.757.689
7 Däitschland Bundesrepublik Däitschland Westeuropa Berlin 357.022 84.552.242
8 Dänemark Kinnekräich Dänemark Nordeuropa Kopenhagen 43.094 5.977.412 Grönland gehéiert zu Dänemark, läit awer an Nordamerika
9 Éisträich Republik Éisträich Westeuropa Wien 83.871 9.120.813
10 Estland Republik Estland Nordeuropa Tallinn 45.228 1.360.546
11 Finnland Republik Finnland Nordeuropa Helsinki 338.145 5.617.310
12 Frankräich Franséisch Republik Westeuropa Paräis 551.500 66.548.530 huet och ausser-europäesch Territoiren: Iwwerséigebidder an -Iwwerséidepartementer
13 Georgien Georgien Tiflis 69.700 3.807.670 just e klengen Deel an Europa; läit gréisstendeels an Asien
14 Griicheland Hellenesch Republik Südeuropa Athen 131.957 10.047.817
15 Holland Kinnekräich Holland Westeuropa Amsterdam (de jure) 41.543 18.228.742 huet och ausser-europäesch Territoiren: Hollännesch Iwwerséigebbider
16 Irland Irland Nordeuropa Dublin 70.273 5.262.009
17 Island Republik Island Nordeuropa Reykjavík 103.000 393.396
18 Italien Italieenesch Republik Südeuropa Roum 301.340 59.342.867
19 Kasachstan Republik Kasachstan Astana 2.724.900 20.592.571 just e klengen Deel an Europa; läit gréisstendeels an Asien
Kosovo Republik Kosovo Pristina 10.887 1.684.790 kee Member vun de VN
20 Kroatien Republik Kroatien Südeuropa Zagreb 56.594 3.875.325
21 Lettland Republik Lettland Nordeuropa Riga 64.589 1.871.871
22 Lëtzebuerg Groussherzogtum Lëtzebuerg Westeuropa Lëtzebuerg 2.586 673.036
23 Liechtenstein Fürstentum Liechtenstein Westeuropa Vaduz 160 39.870
24 Litauen Republik Litauen Nordeuropa Vilnius 65.300 2.859.110
25 Malta Republik Malta Südeuropa Valletta 316 539.607
26 Moldawien Republik Moldau Osteuropa Chișinău 33.851 3.034.961
27 Monaco Fürstentum Monaco Westeuropa Monaco 2 38.631
28 Montenegro Montenegro Südeuropa Podgorica 13.812 638.479
29 Nordmazedonien Republik Nordmazedonien Südeuropa Skopje 25.713 1.823.009
30 Norwegen Kinnekräich Norwegen Nordeuropa Oslo 323.802 5.576.660 D'Bouvetinsel gehéiert zu Norwegen, läit awer an Antarktika
31 Polen Republik Polen Osteuropa Warschau 312.685 38.539.201
32 Portugal Portugisesch Republik Südeuropa Lissabon 92.090 10.425.292 D'Selvagens Insele gehéieren zu Portrugal, leie geograpogesch awer an Afrika
33 Rumänien Rumänien Osteuropa Bukarest 238.391 19.015.088
34 Russland Russesch Federatioun Osteuropa Moskau 17.098.242 144.820.423 läit mat ronn 25 % an Europa
35 San Marino Republik San Marino Südeuropa San Marino 61 33.581
36 CHE Schwäiz Schwäizeresch Eedgenossenschaft Westeuropa Bern (de facto) 41.277 8.921.981
37 Schweden Kinnekräich Schweden Nordeuropa Stockholm 450.295 10.606.999
38 Serbien Republik Serbien Südeuropa Belgrad 77.474 6.736.216
39 Slowakei Slowakesch Republik Osteuropa Bratislava 49.035 5.506.760
40 Slowenien Republik Slowenien Südeuropa Ljubljana 20.273 2.118.697
41 Spuenien Kinnekräich Spuenien Südeuropa Madrid 505.370 47.910.526 Kanaresch Inselen, Ceuta am Melilla gehéieren zu Spuenien, leie geograpogesch awer an Afrika
42 Tierkei Republik Tierkei Ankara 783.562 87.473.805 läit just mat ronn 3 % an Europa
Transnistrien Transnistresch Moldauesch Republik Tiraspol 3.567 555.000[7] kee Member vun de VN; keng Unerkennung vun engem Member vun de VN
43 Tschechesch Republik Tschechesch Republik Osteuropa Prag 78.867 10.735.859
44 Ukrain Ukrain Osteuropa Kiew 603.550 37.860.221 inklusiv der Krim an de Gebidder vun der Süd- an Ostukrain, déi 2022 vu Russland annektéiert goufen
45 Ungarn Republik Ungarn Osteuropa Budapest 93.028 9.676.135
Vatikanstad Staat Vatikanstad Südeuropa Vatikanstad 0 496 kee Member vun de VN; vëlkerrechtlech Staatsqualitéit gëtt unerkannt
46 Vereenegt Kinnekräich Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland Nordeuropa London 243.610 69.138.192 huet och ausser-europäesch Territoiren: Brittesch Iwwerséigebidder
47 Wäissrussland Republik Wäissrussland Osteuropa Minsk 207.600 9.056.696

Follgend Staate ginn heiansdo aus historeschen, kulturellen oder politesche Grënn zu Europa gezielt:

  • Armenien: Geschichtlech enk mat Europa verbonnen, chrëschtlech Bevëlkerung mat indoeuropäescher Sprooch a Kultur, Territoire läit geographesch an Asien;
  • Israel: läit geographesch an Asien; bei kulturelle Veranstaltunge gëtt Israel dacks zu Europa gezielt (Foussball-Europameeschterschaft, Eurovision Song Contest);
  • Zypern: Insel am ëstleche Mëttelmier, déi geographesch zu Asie gezielt gëtt; zanter Mee 2004 awer Member an der EU ass.
 Commons: Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (en) 7 Continents of the World. Worldometer. Gekuckt de 06.08.2025.
  2. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. (en) 7 Continents of the World. Gekuckt den 19. Juli 2025.
  4. 1 2 UNSD — Methodology. unstats.un.org (Op der lénker Säit: "Geographic Regions" uklicken). Gekuckt de 06.08.2025.
  5. Area - The World Factbook. www.cia.gov Archivéiert de 05.01.2024. Gekuckt de 06.07.2025.
  6. (en) World Population Prospects. population.un.org Archivéiert den 10.07.2025. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“
  7. (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.