Europäesche Rechnungshaff

Vu Wikipedia
Den Europäesche Rechnungshaff

Den Europäesche Rechnungshaff, d'Cour des comptes européenne, kontrolléiert, datt all d'Recetten, déi d'Europäesch Unioun anhëlt, an all d'Depensen, déi se mécht, op eng legal a korrekt Manéier gemaach gi sinn, an datt de Budget vun der EU gutt geréiert gëtt. E gouf 1977 gegrënnt huet säi Sëtz zu Lëtzebuerg. Ronn 850 Leit schaffen do.

Den Europäesche Rechnungshaff huet 27 Memberen, 1 pro EU-Membersland, déi op 6 Joer, déi verlängert kënne ginn, vum Conseil vun der Europäescher Unioun ernannt ginn. Intern kënnen des sech a 'Chamberen' organiséieren, déi verschidden Zorten Rapporten oder Avise kënne maachen. D'Membere wielen aus hirer Mëtt e President op 3 Joer. Zanter September 2016 ass dat de Klaus-Heiner Lehne.

Lëtzebuergesch Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptfunktioun vum Europäesche Rechnungshaff ass wéi gesot ze kontrolléieren, datt beim EU-Budget alles an der Rei ass.

Dofir kontrolléiert en d'Dokumenter vun allen Organisatiounen, déi Recetten oder Depensë vun EU-Sue geréieren. Wann néideg, mécht e Kontrollen um Terrain. Seng Conclusioune ginn a Rapporte publizéiert, déi d'Europäesch Kommissioun an d'Memberstaaten iwwer eventuell Mëssstänn informéieren.

Dee wichtegste Rapport ass dobäi de Joresrapport iwwer dat ofgelafent Budgets-Joer, deen e fir d'Europäescht Parlament an de Conseil (déi 2 sinn d'Budgets-Autoritéit) ausschafft. D'Commentairen, déi an dësem Rapport stinn, spillen eng wichteg Roll fir d'Parlament fir ze decidéieren, ob et d'Gestioun vum Budget duerch d'Kommissioun soll approuvéieren oder net.

Den Europäesche Rechnungshaff gëtt och nach Avisen of, iert d'EU nei Finanzreegelen aféiert. E kann och soss zu bestëmmte Punkten an zu jiddwer Moment Commentairen ofginn oder, op Demande vun enger vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun hin, säin Avis ginn.

Seng Aarbechtsweis[änneren | Quelltext änneren]

De Rechnungshaff schafft an totaler Onofhängegkeet a ka fräi entscheeden, wéi a wat e kontrolléiert, a wéini an a wat fir enger Form e publik mécht, wat en erausfonnt huet.

En huet eng 550 Mataarbechter, wouvun der eng 250 Kontrollere sinn, déi sech an "Audit-Gruppen" organiséieren. Dës Kontrollere maachen dacks Inspektiounsvisitte bei deenen aneren Institutiounen, de Memberlänner an an deene Länner, déi eng finanziell Hëllef vun der EU kréien. D'Kommissioun ass zwar responsabel iwwer déi Fongen, mä d'Gestioun dovu gëtt zu 90 % an deene betraffene Länner gemaach.

De Rechnungshaff ka selwer keng legal Schrëtt aleeden. Wann d'Kontrolleuren eng Fraude oder eng Illegalitéit entdecken, gi se dat sou séier wéi méiglech un déi kompetent europäesch Instanze virun, soudatt déi kënnen déi néideg Mesuren huelen.

Gebailechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

2009 gouf decidéiert, d'Mataarbechter aus 5 Gebaier an engem eenzege Gebai ze regruppéieren. Dofir soll d'Haaptgebai mat 21.000 Quadratmeter fir knapps 500 Mataarbechter a fir 79 Milliounen Euro ausgebaut ginn. Am Ganze sinn 3 Joer geplangt, éier d'Personal an déi nei Büroe ka plënneren[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europäesche Rechnungshaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Europäesch Cour des Comptes: Weideren Ausbau néideg." rtl.lu, 07.05.2009, 12:49 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.05.2009, 12:58.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.