Eurovision Song Contest 1957

Vu Wikipedia
2. Eurovision Song Contest
Datum 3. Mäerz 1957
Stad Frankfurt um Main (Däitschland)
Gebai Großer Sendesaal vum Hessesche Rundfunk
Gewënner Corry Brokken (Holland)
Zuel vu Länner 10
Nei Participatiounen Dänemark, Groussbritannien an Éisträich
Moderatioun Anaid Iplicjian
Interval Act --
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir ee Titel ofgestëmmt.
D'Interpretin vum Gewënnertitel, Corry Brokken, 1958

Den 2. Eurovision Song Contest war den 3. Mäerz 1957 an Däitschland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dëst Joer am Großer Sendesaal vum Hessesche Rundfunk zu Frankfurt um Main. Moderatorin war déi bekannt Schauspillerin Anaid Iplicjian.

Dräi nei Natiounen, Groussbritannien, Dänemark an Éisträich, koumen dobäi. Aus dësem Grond huet d'EBU decidéiert, aus jiddwer Land, nëmmen nach een Titel zouzeloossen. Kee Lidd huet méi laang wéi 3,5 Minutten däerfen daueren. De brittesche Bäitrag All ass mat net emol 2 Minutte däitlech drënner bliwwen, wärend dat italieenescht Lidd méi wéi fënnef Minutte gedauert huet. Obwuel protestéiert ginn ass, gouf awer kee vun deenen zwéi Kënschtler disqualifizéiert.

D'Ofstëmmung gouf dat Joer grondleeend geännert: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Frankfurt iwwermëttelt. Déi éischt Plaz krut déi hollännesch Vertriederin Corry Brokken, déi schonn 1956 um Contest deelgeholl huet.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Holland, d'Corry Brokken mam Lidd Net als toen mat 14 Punkte Virsprong virum Paule Desjardins (Frankräich). Déi drëtt Plaz krut den Duo Birthe Wilke & Gustav Winckler, déi fir Dänemark ugetruede waren.

D'Gewënnerin vum Virjoer, d'Lys Assia, koum dëst Joer fir d'Schwäiz nëmmen op déi virlescht Plaz.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Holland Corry Brokken Net als toen 31
2. Frankräich Paule Desjardins La belle amour 17
3. Dänemark Birthe Wilke & Gustav Winckler Skibet skal sejle i nat 10
4. Lëtzebuerg Danièle Dupré Amours mortes (Tant de peine) 8
4. Däitschland Margot Hielscher Telefon, Telefon 8
6. Italien Nunzio Gallo Corde della mia chitarra 7
7. Groussbritannien Patricia Bredin All 6
8. Belsch Bobbejaan Schoepen Straatdeuntje 5
8. Schwäiz Lys Assia L'enfant que j'étais 5
10. Éisträich Bob Martin Wohin kleines Pony? 3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Lugano (Schwäiz) Hilversum (Holland)
ESC 1956 Eurovision Song Contest ESC 1958