Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1961

Vu Wikipedia
6. Eurovision Song Contest
Datum 18. Mäerz 1961
Stad Cannes (Frankräich)
Gebai Palais des Festivals
Gewënner Jean-Claude Pascal (Lëtzebuerg)
Zuel vu Länner 16
Nei Participatiounen Finnland, Spuenien, Jugoslawien
Moderatioun Jacqueline Joubert
Interval Act Tessa Beaumont a Max Bozzoni
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
De Gewënner vun 1961, Jean-Claude Pascal, riets

De 6. Eurovision Song Contest (offiziell den Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 18. Mäerz 1961 a Frankräich. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Palais des Festival zu Cannes. Presantatrice war wéi schonn 1959 d'Jacqueline Joubert.

Dräi nei Natiounen, Finnland, Spuenien a Jugoslawien waren derbäikomm. D'Zuel vun de Länner ass dofir op 16 eropgaangen.

De Grand Prix ass fir d'éischt um Samschdegowend ofgehale ginn, deen Dag wou en och an deenen nächste Joerzéngte sollt bleiwen.

Et gouf ofgestëmmt wéi déi Jore virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Cannes iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vu Lëtzebuerg, de Jean-Claude Pascal mat 6 Punkte Virsprong virum Grupp The Allisons (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Franca di Rienzo, déi fir d'Schwäiz ugetruede war.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.LëtzebuergJean-Claude PascalNous les amoureux31
2.GroussbritannienThe AllisonsAre you sure?25
3.SchwäizFranca di RienzoNous aurons demain16
4.FrankräichJean-Paul MauricPrintemps (Avril carillonne)13
5.DänemarkDario CampeottoAngelique12
5.ItalienBetty CurtisAl di là12
7.NorwegenNora BrockstedtSommer i Palma10
8.JugoslawienLjiljana PetrovićNeke davne zvezde9
8.SpuenienConchita BautistaEstando contigo8
10.MonacoColette DeréalAllons, allons les enfants6
10.FinnlandLaila KinnunenValoa ikkunassa6
10.HollandGreetje KauffeldWat een dag6
13.DäitschlandLale AndersenEinmal sehen wir uns wieder3
14.SchwedenLill-BabsApril, april2
15.ÉisträichJimmy MakulisSehnsucht1
15.BelschBob BennySeptember, gouden roos1
London (Groussbritannien) Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
ESC 1960 Eurovision Song Contest ESC 1962