Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1964

Vu Wikipedia
9. Eurovision Song Contest
Datum 21. Mäerz 1964
Stad Kopenhagen (Dänemark)
Gebai Tivolis Koncertsal
Gewënner Gigliola Cinquetti (Italien)
Zuel vu Länner 16
Nei Participatiounen Portugal
Moderatioun Lotta Wæver
Interval Act Ballet-Harlequinade
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen 10 Jurymemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, 1 Punkte bewäert ginn.
Tivolis Koncertsal, 2010

Den 9. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision ), war den 21. Mäerz 1964 an Dänemark. Dat Joer gouf d'Eurovisioun am Tivolis Koncertsal zu Kopenhagen organiséiert. Presantatrice war d'Lotte Wæver.

Portugal huet fir déi éischt Kéier matgemaach. Well awer Schweden dat Joer net dobäi war, ass d'Zuel vun de Länner bei 16 bliwwen.

D'Vertriederin vun der Schwäiz, d'Anita Traversi, war och scho beim Grand Prix 1960 dobäi.

Virum Optrëtt vum belsche Sänger wollt e Mann mat engem Schëld "Boycott Franco & Salazar" op d'Bün lafen, fir géint d'Militärregimer a Spuenien an a Portugal ze demonstréieren. Et gouf och scho virum Grand Prix Debatten driwwer, datt déi rietsgeriicht Diktature Spuenien a Portugal sollte vum Grand Prix ausgeschloss ginn.

Et sinn nees Ännerunge bei der Ofstëmmung ginn: An all Land souzen 10 Jurysmemberen. Jiddwer Member vum Jury huet 3 Punkten op seng 1, 2 oder 3 bescht Lidder verginn. D'Punkte sinn zesummegezielt ginn an déi 3 bescht Lidder si mat 5, 3, an 1 Punkt bewäert ginn. Wann nëmmen 1 Lidd vun der Jury als bescht gewielt gouf, krut et 9 Punkten, wann 2 Lidder vun der Jury gewielt goufen, krute se 6 an 3 Punkten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Kopenhagen iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Italien, d'Gigliola Cinquetti mat 32 Punkte Virsprong virum Matt Monro (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de Romuald, dee fir Monaco ugetruede war.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.ItalienGigliola CinquettiNon ho l'età (per amarti)49
2.GroussbritannienMatt MonroI Love the Little Things17
3.MonacoRomualdOù sont elles-passées?15
4.LëtzebuergHugues AufrayDès que le printemps revient14
4.FrankräichRachelLe chant de Mallory14
6.ÉisträichUdo JürgensWarum nur, warum?11
7.FinnlandLasse MårtensonLaiskotellen9
8.NorwegenArne BendiksenSpiral6
9.DänemarkBjørn TidmandSangen om dig4
10.HollandAnneke GrönlohJij bent mijn leven2
10.BelschRobert CogoiPrès de ma rivière2
12.SpuenienNelly, Tim & TonyCaracola1
13.DäitschlandNora NovaMan gewöhnt sich so schnell an das Schöne0
13.PortugalAntónio CalvárioOração0
13.JugoslawienSabahudin KurtŽivot je sklopio krug0
13.SchwäizAnita TraversiI miei pensieri0
Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) Kopenhagen (Dänemark)
ESC 1963 Eurovision Song Contest ESC 1965