Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2002

Vu Wikipedia
47. Eurovision Song Contest
Motto A Modern Fairytale
Datum 25. Mee 2002
Stad Tallinn (Estland)
Gebai Saku Suurhall
Gewënner Marie N (Lettland)
Zuel vu Länner 24
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Annely Peebo a Marko Matvere
Interval Act Danzchoreographie vum Teet Kask mam Lidd "A Little Story in the Music" vum Annely Peebo a Marko Matvere "A Little Story in the Music"
Ofstëmmungsreegel All Land huet 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
d'Gewënnerin, dMarie N, 2004
Saku Suurhall zu Tallinn, 2007

De 47. Eurovision Song Contest war de 25. Mee 2002 an Estland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Saku Suurhall zu Tallinn. Presentateure waren d'Annely Peebo an de Marko Matvere.

Fir d'Zuel vun de Länner ze reduzéiere sinn d'Plaze vun de leschte 5 Joer gekuckt ginn an déi mat de mannste Punkte hu missen e Joer Paus maachen. Betraff vun dëser Reegel waren Holland, Polen, Norwegen, Island an Irland. Lëtzebuerg huet scho wéi déi 8 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Ungarn, d'Slowakei a d'Portugal hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze ware 24 Länner dobäi.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, de Constantinos Christoforou (Deel vum Grupp One) fir Zypern 1996 an d'Monica Anghel fir Rumämien 1996 (Qualifikatiounsronn).

Fir d'éischt Kéier stoung de Grand Prix ënner engem Motto: A Modern Fairytale / Fairytale of Music.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun. An de meeschte Länner ass den Televoting duerch d'Spectateure benotzt gi fir ofzestëmmen. An Zypern, Griicheland, Spuenien, Kroatien, Malta, Slowenien a Lithauen ass d'Method mat 50 % Televoting a 50 % Jury benotzt ginn. Bosnien an Herzegowina, d'Tierkei, Rumänien, d'Republik Mazedonien a Russland hunn eng Jury fir d'Ofstëmmung benotzt. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Tallinn matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Lettland, d'Marie N mat 12 Punkte Virsprong virum Ira Losco (Malta). Déi drëtt Plaz ass gedeelt ginn vun der Sahlene, déi fir Estland ugetruede war, an der Jessica Garlick, déi fir Groussbritannien ugetruede war.

Fir Lettland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazStartnr.LandInterpretTitelPunkten
1.23LettlandMarie NI Wanna176
2.20MaltaIra Losco7th Wonder164
3.2GroussbritannienJessica GarlickCome Back111
3.8EstlandSahleneRunaway111
5.17FrankräichSandrine FrançoisIl faut du temps (Je me battrai pour ça)104
6.1ZypernOneGimme85
7.5SpuenienRosaEurope's Living a Celebration81
8.12SchwedenAfro-diteNever Let It Go72
9.21RumänienMonica Anghel & Marcel PavelTell Me Why71
10.7RusslandPrime MinisterNorthern Girl55
11.6KroatienVesna PisarovićEverything I Want44
12.10IsraelSarit HadadLight a Candle (Nadlik beyachad ner)37
13.15Bosnien an HerzegowinaMajaNa jastuku za dvoje33
13.16BelschSergio & the LadiesSister33
13.22SlowenienSestreSamo ljubezen33
16.19TierkeiBuket Bengisu & Grup SafirLeylaklar soldu kalbinde29
17.4GriichelandMichalis RakintzisS.A.G.A.P.O.27
18.3ÉisträichManuel OrtegaSay a Word26
19.9MazedonienKarolinaOd nas zavisi25
20.13FinnlandLauraAddicted to You24
21.18DäitschlandCorinna MayI Can't Live Without Music17
22.11SchwäizFrancine JordiDans le jardin de mon âme15
23.24LitauenAivarasHappy You12
24.14DänemarkMaleneTell Me Who You Are7

Déi rout markéiert Länner hunn am Joer drop (2003) wéinst hirem schlechte 5-Jores-Duerchschnëtt missen aussetzen.

 Commons: Eurovision Song Contest 2002 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kopenhagen (Dänemark) Riga (Lettland)
ESC 2001 Eurovision Song Contest ESC 2003